Gwenaël Kerléo

Vu Wikipedia
Gwenaël Kerléo
Gebuer 1975
Abidjan
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Komponist

D'Gwenaël Kerléo, gebuer 1975 zu Abidjan, ass eng franséisch Harfspillerin.

Mat néng Joer huet d'Gwenaël Kerléo ugefaange beim Hervé Quefféléant vun der Grupp An Triskell keltesch Harf ze léieren. Duerno huet si am Conservatoire zu Brest Musektherapie studéiert.

Fir d'éischt spillt si mat der Grupp An Delenn, déi se mat enger Frëndin gegrënnt hat; vun 1996 un trëtt si eleng op, a begleet hiert Harfespill mat hirer Stëmm.

Déi keltesch Harf, déi bal 400 Joer net méi um europäesche Festland ze héiere war, gouf 1966 vum Alan Stivell nees a Concerte gespillt. Doropshin ass dat Instrument vu ville jonke Kënschtler wéi der Mariannig Larc'hantec, dem Dominig Bouchaud an der Kristen Nogues engem interesséierte Public virgestallt ginn.

CDen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1996, Terre Celte, Label: Coop Breizh
  • 2000, Chemin de Brume, Label: Coop Breizh
  • 2003, Yelen, Label: Coop Breizh

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]