Gyrokompass

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Gyrokompass vun der Firma Anschütz (opgeschnidden)

De Gyrokompass ass e Kompass, dee sech parallel zu der Rotatiounsachs vun der Äerd orientéiert a sou d'Nord-Südrichtung uweist. Well en e bëssi Zäit fir d'Ausriichtung brauch, gëtt e besonnesch bei Gefierer agesat déi lues fueren wéi z. B. Schëffer. E schafft onofhängeg vum magnéiteschen Norden a weist dofir keng magnéitesch Ofwäichung. Dogéint entsteet eng Ofwäichung bei séierer Eegebewegung.

Dee bei klenge Fliger agesate Kursindikater gëtt dacks mam Gyrokompass verwiesselt. Déi modern kamoud Navigatiounssystemer (Inertiaalt Navigatiounssystem) liwweren zousätzlech zu der Positiounsbestëmmung eng Kompassinformatioun, déi iwwer de Gyrokompassprinzip ermëttelt gëtt.

Bild 1: Opbau vum Gyrokompass, schematesch
Bild 2: Funktiounsprinzip vun engem Gyrokompass

Funktiounsprinzip[änneren | Quelltext änneren]

De Kreeselkompass besteet aus engem Gyromotor, gewéinlech an enger Kardan-Ophänkung. Zousätzlech ass en sou geschafft, datt en Dréimoment op en awierkt, soulaang seng Dréiachs net no Norde weist. Am hei donieft duergestallte Versuchsopbau ass en als Pendel opgehaangen. E kann sech nëmme parallel zu der Äerduewerfläch fräi ausriichten.

D'Schemazeechnung am Bild 2 weist, vum Südpol aus gesinn, e Gyrokompass, dee sech laanscht den Equator beweegt. Seng Rotatiounsachs s-n steet parallel zu der Äerduewerfläch. Well den Dréiimpuls konstant ass, behält d'Achs hir Richtung och bei Bewegung zu der zweeter agezeechenter Positioun bäi. Wéinst der besonnescher Ophänkung kann de Kreesel sech nëmmen op zwéi Niveauen ausriichten. Op déi drëtt Richtung wierkt d'Äerdunzéiungskraaft. Si versicht, d'Achs laanscht där mat D bezeechente Feiler ze kippen. Den Dréimoment dee si generéiert kippt d'Rotatiounsachs aus dem Zeechenniveau eraus a léisst de Kreesel prezedéieren. Duerch Dämpfung vun der Dréibewegung ëm de Punkt A kënnt de Kreesel zur Rou, wann déi ugräifend Kraaft verschwënnt. Dat ass dann de Fall, wann d'Kreeselachs an d'Nord-Südrichtung weist.

Bewegunge vum Kreesel laanscht e Meridian verursaachen Ofwäichungen. Da weist de Kreesel net méi genee no Norden, mä an déi Richtung, déi sech aus der Zomm vun der Wénkelvitess vun der Äerd, an där, mat där de Kreesel beweegt gëtt, ergëtt. Eng Vitess laanscht de Meridian vun 20 km/h verursaacht eng falsch Uweisung vu ronn 0,5°. Bei 150 km/h klëmmt si op 5°. Wann de Kreesel sech mat der Rotatiounsvitess vun der Äerd um Equator vun 1600 km/h laanscht e Meridian beweegt, mécht si 45° aus.

An der Géigend vun de Pole verseet de Gyrokompass, well d'Dréiachs vun der Äerd bal am Senkel aus der Uewerfläch erausweist an den Dréimoment deen op d'Horizontalfläch projezéiert gëtt, ganz kleng gëtt. Déi Problemer hunn zu der Entwécklung vun den Dräi-Kreesel-Kompasse gefouert.

E Gyrokompass ass empfindlech géintiwwer Tempobewegungen, wéi si beim Stampfen oder Schléngere vun engem Schëff optrieden. Si loosse sech duerch eng Dämpfung no der Method vun Maximilian Schuler verklengeren.

E moderne Gyrokompass erreecht eng dynamesch Ausriichtgenauegkeet vu manner wéi 0.5°.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gyrocompasses – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]