Gyula Horn
De Gyula Horn, gebuer de 5. Juli 1932 zu Budapest an och do den 19. Juli 2013 gestuerwen, war en ungaresche Politiker.
Hie war 1989/1990 Ausseminister a vun 1994 bis 1998 Ministerpresident vun Ungarn. Hie gouf international bekannt, duerch seng Kontributioun um Ofbau vum Eisene Rideau: :Den 18. Abrëll 1989 huet Ungarn domat ugefaangenm d'Grenzbefestegunge laanscht Eisträich ofzebauen. De 27. Juni huet den Horn bei Sopron zesumme mam éisträicheschen Ausseminister Alois Mock de pickegen Drot laanscht Grenz an engem symboleschen Akt duerchgepëtzt. Den Horn huet den 10. September 1989 op der ongrescher Tëlee ugekënnegt, datt déi vill DDR-Bierger, déi am Land waren, ausreesen dierften. An de Wochen dono sinn dausende vun DDR-Bierger iwwer dës Grenz an de Weste geflücht.
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Gyula Horn – Biller, Videoen oder Audiodateien |