Hávamál

Vu Wikipedia
"De Friemen un der Dier" (1908) vum W. G. Collingwood

D'Hávamál, d'"Lidder vum Héijen" oder "Spréch vum Héijen", nennt sech eng Sammlung vun 165 Strophen, déi sech op den nordesche Gott Odin bezéien, deen de Mënsche Rot gëtt, wéi se ee gutt an éierbaart Liewe kënne féieren.

D'Hávamál ass en Deel vun der Edda.

Bekanntst Passagen[änneren | Quelltext änneren]

E puer vun de bekanntste Passagë sinn déi heiten:

Nummer 76

Deyr fé,
deyja frændr,
deyr sjalfr it sama,
ek veit einn,
at aldrei deyr:
dómr um dauðan hvern.

D'Véi stierft,
d'Frënn stierwen,
Sou stierft een och selwer;
Mä eppes weess ech,
dat bleift fir ëmmer:
D'Uerteel iwwer all Doudegen.

Nummer 139

Veit ek, at ek hekk
vindga meiði á
nætr allar níu,
geiri undaðr
ok gefinn Óðni,
sjalfr sjalfum mér,
á þeim meiði,
er manngi veit
hvers af rótum renn.

Ech weess, datt ech um lëftegem Bam houng
Néng laang Nuechten,
Vum Speer verwonnt,
dem Odin geweit,
Ech selwer mir selwer,
Um Aascht vum Bam,
deem een net ugesäit
aus wéi enger Wuerzel e spréisst.

Nummer 140

Við hleifi mik sældu
né við hornigi;
nýsta ek niðr,
nam ek upp rúnar,
æpandi nam,
fell ek aftr þaðan.

Si hu mer weeder Brout nach Met ugebueden;
Du hunn ech mech néiergeluecht
Runen a Gedanken,
hu se keimend geléiert:
Endlech sinn ech op de Buedem gefall.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]