Häerdcheslee

Vu Wikipedia
Häerdcheslee
Häerdcheslee: Sandsteeblock mat dem gallo-réimesche Relief
Typ archeologesch Plaz
Land Lëtzebuerg
Gemeng Jonglënster
Koordinaten 49°43'40,8"N, 6°13'1,2"O
Statut Klasséiert Monument
Häerdcheslee: gallo-réimesch Figuren
D'Kultplaz Freylee

D'Häerdcheslee ass e Fiels am Bësch Häerdchen (op eelere Kaarten Haertgen), nërdlech vun Allënster an der Gemeng Jonglënster, op deem d'Ëmrësser vun zwou Persounen, déi am Relief agemeesselt sinn, ze gesi sinn. Et ass dat eelst Steendenkmal aus dem Land[1].Wëssenschaftler mengen, datt et sech dobäi ëm Reschter aus der Zäit vun de Kelten handelt[2].

Déi lénks Figur ass 2,10 Meter héich, déi riets 2,0 Meter. Allen zwou hu laang Mäntel un, déi bis iwwer de Knéi ginn. Just bei der lénkser Figur ass de Kapp nach erhalen. Si huet an der rietser Hand e staffërmegt Attribut, dat iwwer déi riets Schëller bis un de Bord vum Bild geet. Bei der rietser Figur feelt de Kapp, an eventuell Attributer sinn net méi z'erkennen.

Déi zwou Figure goufen traditionell „de Mann an d'Fra op de Lee“ genannt. D'Fra gouf fréier och „schro Fra“ genannt, well se hirem Mann de Kapp erofgeschloe soll hunn[3]. Fir den Ernest Schneider wier déi méi grouss Figur keng Fra, mä e Mann, an dat, wat als laang Hoer oder Fischi gedeit gouf, eng Kaputz vun enger Zort Mantel, bartocollus genannt, soudatt et sech ëm e Schoulmeeschter a säi Schüler handele kéint[4].

Hir genee Bedeitung kann nëmme gerode ginn: De Maurice Detten huet uganks vum 19. Joerhonnert eng keltesch Verlobungsszen dra gesinn. De L'Evêque de la Basse-Moûturie féiert den Numm Häerdcheslee op d'germanesch Gëttin Hertha zeréck[5]. Dës däerft awer kaum am (gallo-réimesche) Lëtzebuerg bekannt gewiescht sinn. Och ass den Numm Häerdchen warscheinlech einfach en Diminutiv vun Haard, engem geleefegen Numm fir Bëscher. Fir de Jean Engling war et e keltescht Grafmonument[6], dat den oder déi zwee Verstuerwe weist. Dat géif och d'Lach uewen um Fiels erklären, an deem eng Urn versuergt gouf.

D'Fuerschung ass sech haut doriwwer eens, datt et sech bei der Häerdcheslee ëm e gallo-réimescht Grafmonument handelt an datt déi zwou Figuren zwou verstuerwe Persounen duerstellen. Ob et sech ëm e Mann an eng Fra oder ëm zwéi Männer handelt, ass onkloer. Dat gréissert véiereckegt Lach uewen um Steen war warscheinlech do, fir de Läichebrand opzehuelen[7].

Den aktuellsten Erkenntnisser no, géif et sech beim Relief effektiv ëm e Mann an eng Fra handelen, an zwar ëm e gäleschen Adelegen a seng Fra, déi ëm 25100 n. Chr. op engen Haff ënnerzeg vum Häerdchesbësch gelieft hunn. D'Relief am Fiels wär als Grafmonument opgeriicht ginn[1].

Kultplaz[änneren | Quelltext änneren]

Déi eigentlech Kultplaz vum Grafmonument läit bei der Freylee, ronn 130 m nordwestlech vun der Häerdcheslee ewech.

Trivia[änneren | Quelltext änneren]

De Victor Hugo ernimmt dëst Monument a sengem « carnet de voyage » vun 1862, d'Joer, wéi hie fir d'éischt op Lëtzebuerg komm ass. Hien evoquéiert et a sengem Roman « L'homme qui rit » (1869), ouni awer d'Häerdcheslee ausdrécklech mam Numm ze nennen:

„Une femme qui a une tête et un homme qui n'en a pas“

Nationaalt Monument[änneren | Quelltext änneren]

De 26. Oktober 2018 gouf d'Plaz vun der Häerdcheslee an alles wat an engem Radius vun 20 Meter ronderëm läit als nationaalt Monument klasséiert[8].

Kuriéis ass, datt den ADR-Deputéierte Jeff Engelen, dat net matkritt huet, an de 7. Mee 2019 an engem Bréif un de Chamberpresident freet, ob et net ubruecht wier, d'Häerdcheslee als National-Monument ze deklaréieren[9].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bingenheimer, Volker, 2019. Angenagt vom Zahn der Zeit. Das gallo-römische Grabmal auf der Häertcheslay ist stark verwittert, doch eine Restaurierung birgt Risiken. Luxemburger Wort 2019-07-24, S. 25.
  • Hellbach, Pieter, 2018: Ein Monitoringkonzept für das gallorömische Grabdenkmal Häerdgeslay bei Altlinster. In: Archaeologia luxemburgensis: Bulletin du Centre national de recherche archéologique N° 4 (2017-2018), S. 162-169.
  • Hess, Joseph, 1960. Altluxemburger Denkwürdigkeiten. (=Beiträge zur Luxemburger Kultur- und Volkskunde). Luxemburg 1960, S. 20-21.
  • Paulke, Matthias, 2019: Archäologischer Rundgang durch Luxemburg. Luxemburg, Centre national de recherches archéologiques, S. 22-23.
  • Schleich, A. et al., 2008: Kultureller Wanderweg Godbrange - Altlinster. Kulturkommission der Gemeinde Junglinster, 49 S. (Härdcheslay, S. 16-19). [1]
  • Schleich, A., 2009: Härtcheslay: Geschichtliches über die vorzeitliche Kultstätte Härtcheslay und ihre Umgebung. Commission culturelle de la commune de Junglinster, 5 S. [2]
  • Schneider, Ernest, 1939. Material zu einer archäologischen Felsenkunde des Luxemburger Landes. Luxemburg, 323 S. (Das Felsrelief an der Härtcheslä bei Altlinster, S. 302-306).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Häerdcheslee – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Quell: Informatiounspanneau op der Plaz
  2. Guedber Pompjeen: "E Spazeiergang duerch d'Haerdchen", 55 Joer Guedber Pompjeen, Nr 2, 1990, S.141.
  3. Hess, S.20.
  4. Ernest Schneider: Material zu einer archäologischen Felsenkunde des Luxemburger Landes.. Luxemburg 1939, zit. n. Hess S.21.
  5. L'Evêque de la Basse-Moûturie: Itinéraire du Luxembourg germanique, ou Voyage historique et pittoresque dans le Grand-Duché, 1844, zit. n. Hess S.20.
  6. Hess, S.20
  7. Hellbach 2018.
  8. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  9. Bréif vum Jeff Engelen. Kuck heizou: Patrick Welter: Was wird aus dem Paar auf dem Fels? adr-Frage befasst sich mit römischen Spuren bei Altlinster. Lëtzebuerger Journal 2019-07-03, S. 19.