Häerz-Jesu Pateren

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Gebai vun der fréierer École apostolique zu Clairefontaine

Häerz-Jesu-Pateren ass e reliéisen Uerden an der kathoulescher Kierch, dee vum franséische Geeschtlechen Léon Dehon (1843-1925) am Joer 1878 gegrënnt gouf.

  • An anere Sproochen
    • am Däitschen: Herz-Jesu-Priester oder Dehonianer
    • am Franséischen: Prêtres du Sacré-Coeur-de-Saint-Quentin oder Prêtres du Sacré-Coeur

D'Uerdens-Ofkierzung ass: S.C.J. vun Congregatio Sacerdotum a sacro Corde Jesu.

Iwwer 2300 Häerz-Jesu-Patere liewen an 42 Länner a véier Kontinenten (ausser an Australien)

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Den hierarcheschen Opbau vum Uerden

[änneren] De Pater Generol

De Pater Generol gëtt vum Generolkapitel fir sechs Joer gewielt. En däerf net méi wéi 12 Joer op deem Poste bleiwen. D'Generolkapitel ass eng Versammlung vu gewielten Häerz-Jesu-Pateren an de Cheffe vun alle Provënzen, déi net nëmmen de Leeder vum Uerde bestëmmt, mee och iwwer aktuell Themaë beroden an d'Haaptlinne vum Uerde festleet.

Op dem Generolkapitel vun 2003 zu Roum gouf de Pater José Ornelas Carvalho, de Pater Provinzial vu Portugal, zum Ieweschte gewielt.

[änneren] De Pater Provënziol

De Pater Provënziol gëtt fir dräi Joer gewielt, a kann eng Kéier erëmgewielt ginn. Hie gëtt no der Wal vum Pater Generol ernannt, an huet dann e Provënzrot mat véier anere Pateren ëm sech fir ze plangen a mat z'entscheeden.

De Pater Gérardy Lachivert ass den 1. Dezember 2005 fir dräi Joer fir déi Provënz ("EF") bestëmmt ginn, zu där Lëtzebuerg gehéiert. De Lëtzebuerger Pater Paul Birsens ass "'Éischte Conseiller" vun deem Provënzrot.

[änneren] D'Häerz-Jesu-Pateren zu Lëtzebuerg

D'Häerz-Jesu-Patere si virun Allem bekannt wéinst der École apostolique zu Clairefontaine (op belschem Gebitt), hanner Äischen, an dem Klouschter op der Pafemillen (Fünfbrunnen) bei Ëlwen.

De bekanntesten Häerz-Jesu-Pater vu Lëtzebuerg war de Joseph Lorenzo Philippe, deen nom Doud vum Grënner Dehon, vum 20. Januar 1926 bis de 24. Oktober 1935 zweete Pater-Generol war an 1935 Bëschof vu Lëtzebuerg gouf.

E prominente fréiere Schüler vun der Schoul zu Clairefontaine ass den aktuelle lëtzebuergesche Premierminister Jean-Claude Juncker (1967-1974). Och den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich huet e puer Joer zu Clairefontaine studéiert.

[änneren] Literatur

  • P. Joseph Famerée SCJ, P. Gerhard Valerius SCJ, P. Yves Ledure SCJ, etc.: Pater (Léon) Dehon [= eng ganz Nummer iwwert de Grënner vun den Häerz-Jesu-Priister (1843-1925), säi Wierk, asw.]; Heimat + Mission, Nr. 6 / (Clairefontaine) 1993; Ss. 1-28 (ronn 10 Contributiounen).
  • (verschidden Auteuren), 100 Jahre Herz-Jesu-Priester ; Heimat + Mission, Nr. 7 / (Clairefontaine) 1978; Ss. 129-144.
  • (verschidden Auteuren), 100 Jahre Herz-Jesu-Priester (in) Clairefontaine ; Heimat + Mission, Nr. 6 / (Clairefontaine) 1989; Ss. 97-125.
  • P. N. (= Nicolas) Kayser SCJ, Clairefontaine ; Clairefontaine (Verlag Heimat + Mission), 1963; Drock: Kremer-Müller & Cie, Esch-Uelzecht; 160 S. (ill.).

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen