Häerzniwwel

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Häerzniwwel NGC 896
Den Häerzniwwel (opgeholl vum Hunter Wilson)
Stärebild Cassiopeia (Cas)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 02h 32m 35.57s
Deklinatioun + 61° 29' 2.3"
Ausgesinn
Visuell Magnitude 12,5 mag mag
Visuell Magnitude (B-Band) 13,2 mag mag
Wénkelduerchmiesser 60,0' × 60,0'
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj)  7500
Absoluten Duerchmiesser  6,5
Geschicht
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
IC  1805
NGC  896

Den Häerzniwwel ass en Emissiounsniwwel mat engem oppene Stärekoup am Zentrum a steet am Stärebild Cassiopeia.

Bezeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • De mat Ofstand hellste Beräich vum Niwwel gouf fir d'éischt entdeckt, an als NGC-Objet 896 katalogiséiert.
  • Den oppene Stärekoup dréit ë. a. d'Bezeechnunge Melotte 15, Collinder 26, Raab 11 an IC 1805. D'IC-Bezeechnung gëtt heiansdo och fir de ganzen Objet gebraucht.
  • De Gasniwwel eleng huet d'Bezeechnung Westerhout 4 (W 4).
  • D'Kombinatioun mat engem eppes méi klengem Emissiounsniwwel een no dobäi läit féiert den Trivialnumm "heart and soul nebula" ("Häerz- a Séileniwwel").

Eegeschaften[änneren | Quelltext änneren]

Den Objet ass ronn 7500 Liichtjoer vun eis ewech am Perseus-Aarm vun der Mëllechstrooss. Den Emissiounsniwwel aus Gaswolleken an donkele Stëbsberäicher besteet aus Plasma vu ioniséiertem Waasserstoff a fräien Elektronen.

Die réitlech, niwweleg Partië gi vun de Stäre vum oppene Stärekoup beliicht. Déi Grupp besteet aus ville Stäre mat am Ganzen der 50-facher Mass vun der Sonn a weidere klengen a manner helle Stären. Am Koup war e klenge Quasar ageschloss, dee viru Millioune vu Joren ausgestouss gouf.

En Deel vum Niwwel ass op der rietser Säit vum Bild ze gesinn

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]