Hämmelsmarsch

Vu Wikipedia
Den Hämmelsmarsch, Postkaart vun 1909...
... op der Ouverture vun der Schueberfouer 2019

Den Hämmelsmarsch ass e lëtzebuergesche Brauch.

Et ass den Ëmzuch an de Lëtzebuerger Uertschafte vun de Museksgesellschaften, mat Hämmel, fir d'Kiermes anzelauden. Haut sinn d'Hämmel aus dëse Cortège sou gutt wéi verschwonnen. D'Volleksweis mam selwechten Numm gëtt allerdéngs dobäi nach ëmmer gespillt.

Urspronk vum Ëmzuch[änneren | Quelltext änneren]

D'Traditioun, fir virun enger Kiermes Hämmel duerch d'Gaassen ze dreiwen, ass am Kader vun der Schueberfouer opkomm. Do gouf et beim Präisschéissen Hämmel ze gewannen an d'Foraine wollten deemno Reklamm fir d'Schéissbude maachen, andeems se de Stater Leit hir schéi Präishämmel weise gaange sinn. Dat ass sou gutt ukomm, datt duerno uechtert d'ganz Land d'Kiermes mat engem Hämmelsmarsch agelaut gouf, obschonn et keen Hammel ze gewanne gouf.

Zanter 2008 gehéiert d'Schueberfouer mat hirem Hämmelsmarsch zum nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg.

Museksstéck Hämmelsmarsch[änneren | Quelltext änneren]

Den Hämmelsmarsch op der Schueberfouer 2019

D'Museksstéck Hämmelsmarsch ass eng Volleksweis, dat heescht eng Melodie, deem säin Auteur eis net bekannt ass an déi vum Vollek iwwer Generatiounen iwwerdroe gouf. Aus dëser Volleskweis gouf am 19. Joerhonnert e Lidd, wéi de Michel Lentz en Text dozou geschriwwen huet. D'Lidd gouf heefeg ënner dem Numm "Schuebermëss"[1] publizéiert[2]. Den Nik Welter ernimmt et 1914 am Bichelchen Das Luxemburgische und sein Schrifttum als D'Schuebermess.

D'Lidd[änneren | Quelltext änneren]

Den Text vum Michel Lentz[änneren | Quelltext änneren]

1. Stroph[3]

'T as Kiirmesdag an eng Gei jéngt muerges an der Gaass,
'T jäitzt eng Clarnett an 't brommt eng schaddreg Baass,
An d'Hämmel gin derbei mat Bänn a Flettschen un,
Blénkeg zënne Plettlen an der Rei sin hannendrun,
Sin hannendrun;

An d'Kanner loossen hire Kaffi ston
Fir deene schéinen Hämmel nozegon
Wou d'Musek as, déi spillt sou lëschteg d'Gaassen an,
Fir bei all grouss Hären an der Stad hir Ronn ze man,
Hir Ronn ze man.

2. Stroph

D'Leit si gebotzt an si hun hir schéinste Kleeder un,
D'Kamäiner dämpen, d'Kächen, déi sinn drun,
d'Pan an der Fuesend, déi ass nët esou geplot,
Well et ass haut nët genoch mat engem Hämmelsbrot,
A mat Zalot.

An aus der Friemd sinn d'Lëtzebuurger do,
Op d'Kiirmes kommen si vu wäit an no,
'T as aus der Heemecht keen, a wir en iwer d'Mier,
Op de Schuebersonndeg, 't ass gewëss, dann denkt ën hier,
Dann denkt ën hier.

3. Stroph

Hun d'Hämmel dann d'Musikanten d'Neipuert ausgeleet,
Mam Fouermeeschter voll Gléckséilegkeet,
Da sëtzen d'Leit um Dësch mat hire Kirmesgescht,
d'Tell're klënken, jiddereen, deen deet sei meescht, sei bescht,
Sei meescht, sei bescht.

D'Gemitlechkeet, déi schenkt en d'Glieser aan,
An d'Lëschtegkeet, déi blénkt aus allen Aan,
De Quetschekoch, dee schmaacht wéi de beschte Bond,
D'Fra vum Haus as frou, well alle Mënsch e gutt huet fond,
E gutt huet fond.

4. Stroph

An d'Schuebermëss, déi ass dann an hirem volle Glanz;
D'Trompett an d'Gei déi ruffe bei den Danz;
Grouss Schëlter op de Lietsche gi wëll Déieren un,
Wouvun as s'am ofsten nët en Hoor dobannen hun,
Dobannen hun.

Hei weisen si e Riis, dee Sable frësst,
An do e schwaarze Mann, deen Tubak ësst;
All Wonner vun der Welt, déi ka mer hei gesin,
Nëmmen nët e Mensch, deen iech fir näischt géif eppes gin,
Géif eppes gin.

Et gëtt awer och schonn en Text aus dem 19. Joerhonnert vum Jean-François Gangler, deen haut an de Vergiess geroden ass:

Den Hèmmelsmarsch[änneren | Quelltext änneren]

(Op eng al Volleksweis)

Den Hèmmelsmarsch, den ass ons alleguor bekannt,
Gedro'n a gebuor'n am Letzebuerger Land,
En huot och scho geschalt am Friéme sengem O’r,
Dén séch mol font bei ons hei op der Schuoberfo'r.
Ass dat net wo'r?

Op Kirmessdag, wan en de Kaffemuorgens drénkt,
dan heert mer fu fèrn, dat d'Musék entzwo klénkt,
Mam Hammel kommen s'un foll Flètschenn a foll Bènn,
Op séngem fètte Pèlz, Kokarden one Enn.
Gelêt fum Menn.

A Plèttlen selverweiss an Tèll're fonkelnei,
Fu Jongen gedro'n hofreg op hirt Gezei,
Se gin iéch stolz am Takt an hun èng Freed am Leif,
Als hètten se gewonn en Hammel an der Scheif.
De Krag foll Steif.

Fu Kanner emzéngt de Bruzéck get em d'Stad gefeert,
Bei d'Stadhèrn an ’t gudd Birg’r mat em agekeert.
De Foermêschter héllt mat Gravitet sei Sproch,
Da kemt Dreppchen erbei mat èngem Maufel Koch,
E Stéck Ham och.

De ganzen Opzog get zur Neipuort dan ’raus,
Mam Hammel op d'Kélebènk an dan och an d'Schesshaus,
Da get derfir geschosst mat Klatzen a mat Blei,
an den en da gewennt, den hèllt èng Rommenei*, (*Emzock)
Mat séngem M'rei.

E kritt èng Lorberstrauss mat faarw’ge Bènner drun,
Mat Vivat Alles stemmt den Hèmmelsmarsch dan un,
An ho! ’tget dra geruff, an ho! ’tget dra gejaut,
Dat muoncher Damm iéch méngt si krit èng Héngerhaut.
O du lef Braut.

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 1959. Kommt, loosst mer sangen!: Gesangbuch fir d'Lëtzebuurger Schoulen. Ausgearbécht vun den "Instituteurs réunis", illustréiert vum Carin Meyers. 2. Oplo, 305 S. + 23 S. Solfège. P. Linden, Lëtzebuerg.
  • Klees, Henri, 2001. Der Luxemburger "Hämmelsmarsch": von der Volksweise zur Nationalhymne und zum Heischelied. Bulletin linguistique et ethnologique / Institut grand-ducal. Section de linguistique, de folklore et de toponymie Fasc. 31/32: 9-17. Luxembourg.
  • Zettinger, Léon, 1957. La "marche du mouton": son origine, son évolution. Cahiers Luxembourgeois 29/4: 16-30. Luxembourg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hämmelsmarsch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Verschidde Partiture sinn ënner dem Numm Schuebermëss am Internet ze fannen.
  2. cf. z. B. Anonym 1959: 225
  3. Mir iwwerhuelen hei d'Schreifweis aus dem "Lëtzebuurger Lidderbuch" (cf. Anonym 1959)