Alcide-De-Gasperi-Gebai

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Héichhaus um Kierchbierg)
Alcide-De-Gasperi-Gebai
Den Tuerm an den ëstlechen Deel vum Alcide-De-Gasperi-Gebai. Riets den Tuerm A vum Sekretariat vum Europäesche Parlament.
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Kierchbierg
Strooss Place de l'Europe (Stad Lëtzebuerg)
Koordinaten 49° 37’ 06’’ N
      06° 08’ 37’’ O
Héicht 77 m
Architekt(en) Michel Mousel, Gaston Witry
Datum vum Bau 1965
Proprietär Lëtzebuerger Staat
Genannt no Alcide De Gasperi
Déi monumental Entrée vum Gebai.
D'Gebai 1971.

D'Alcide-De-Gasperi-Gebai (fr: Bâtiment tour Alcide-De-Gasperi) ass e Gebai um Kierchbierg-Plateau, op der Place de l'Europe, an der Stad Lëtzebuerg, dat nom italieenesche Politiker Alcide De Gasperi genannt gouf. Am Volleksmond gouf et laang "d'Héichhaus (um Kierchbierg)" genannt, well et mat sengen 23 Stäck a 77 m Héicht laang Zäit dat eenzegt an héchst "Héichhaus" zu Lëtzebuerg war[1].

D'Gebai, dat dem Lëtzebuerger Staat gehéiert, gouf tëscht 1960 an 1965 gebaut. Architekte waren de Michel Mousel an de Gaston Witry. Et gouf de 24. Oktober 1966, zesumme mat der Rouder Bréck, ageweit.

Zanter 1965 gëtt et vun EU-Institutioune benotzt, bis 2001 vum Sekretariat vum Europäesche Parlament.

2001-2011/12 gouf d'Gebai komplett renovéiert (ënner anerem gouf et vun Asbest sanéiert) an an e Konferenzzentrum integréiert. Am Mee 2009 waren d'Aarbechten un der Fassad, déi no Plàng vum Bureau Van Santen komplett erneiert gouf, fäerdeg. Si hunn 13,4 Mio Euro kascht. D'Renovéierungs- an Ëmbauaarbechte bannenan, déi 183,5 Mio Euro kascht hunn, waren Enn 2010 fäerdeg[2].

Zanter dem Abrëll 2011 sinn um 13. bis den 21. Stack d'Büroe vun de ronn 200 Mataarbechter vum Nohaltegkeetsministère ënnerbruecht. Déi ënnescht Stäck gi vum Conseil vun der Europäescher Unioun benotzt, deem seng Sëtzungen 3 Méint am Joer an der Stad Lëtzebuerg ofgehale ginn. Déi éischt 4 Stäck si fir Konferenzen a Reuniounen. De 5. bis den 9. Stack si fir déi verschidden Delegatiounen, wa Conseilssëtzunge sinn. Den 10. an 11. Stack si fir de Ministeschconseil selwer. De grousse Plenarsall huet Plaz fir 300 Leit.

Nieft dem Gebai goufen ë. a. weider Konferenzraim, e Pressesall fir 400 Leit, 33 Briefingzëmmeren an eng Kantin fir 270 Leit amenagéiert. D'Aarbechte fir déi nei Annex goufen am Abrëll 2012 ofgeschloss. 96,1 Milliounen Euro waren dofir virgesi ginn[2].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 2008 gouf et vun den Zwillingstierm vum Europäesche Geriichtshaff "iwwerholl", an 2012 vum Tuerm vun der Maison du savoir dem Haaptgebai vun der Uni Lëtzebuerg, op Belval.
  2. 2,0 2,1 Youssef Razzak: "Alte Dame nach Lifting wieder im Rennen." in: Tageblatt Nr.187, 13. August 2010, S.7.