Hélène Boucher

Vu Wikipedia
Hélène Boucher
Gebuer 23. Mee 1908
Paräis
Gestuerwen 30. November 1934
Guyancourt
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Pilot

D'Hélène Antoinette Eugénie Boucher, gebuer den 23. Mee 1908 zu Paräis, a gestuerwen den 30. November 1934 bei Guyancourt, war eng franséisch Pilotin.

D'Hélène Boucher huet 1934 de Vitessrekord mam Fliger iwwer eng Distanz vun 100 km gebrach (Moyenne 485 km/h). Si gouf domat deemools déi séierst Fra op der Welt.

Si hat och déi Zäit mat 5.200 Meter den Héichterekord an nach aacht aner Weltrekorder mam Fliger.

Si koum mat 26 Joer ëm d'Liewen, wéi bei engem Trainingsfluch hire Fliger an der Géigend vu Versailles iwwer dem Bësch vu Guyancourts erofgefall ass.

D'Hélène Boucher war déi éischt Fra déi am Paräisser Invalidendoum opgeboort gouf.

Si gouf um Kierfecht vun der klenger Gemeng Yermenonville an der Beauce begruewen.

Hiert Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Si war d'Meedche vun engem bekannten Architekt, dem Léon Boucher an der Élisabeth Hélène Dureau.

Vu klengem u gouf d'Hélène nëmme "Léno" geruff, en Anagramm vun de Virnimm vum Papp a vu sengem Brudder Noël, dee véier Joer méi al war. D'Zäit vum Éischte Weltkrich huet si am Landhaus vun hiren Eltere verbruecht, net wäit ewech vu Maintenon an der Beauce. Duerno goung si zu Paräis an de Lycée Montaigne an an de Collège Sévigné an der rue de Condé.

D'Mamm huet fir hir Zukunft un eng Musekercarrière geduecht, de Papp wollt se vu Konscht iwwerzeegen, a si selwer huet eng Zäitchen dru geduecht fir an d'Schneiderhandwierk ze goen.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hélène Boucher – Biller, Videoen oder Audiodateien