Hélène Grimaud
D'Hélène Grimaud ass eng franséisch Pianistin. Si ass de 7. November 1969 zu Aix-en-Provence am Frankräich gebuer.
Si huet Musek zu Aix-en Provence a Marseille studéiert. Mat 13 Joer ass si op Paräis gaangen an huet du de Conservatoire de Paris besicht. Do huet si an der Klass vum Jacques Rouvier 1985 en éischte Präis am Piano kritt.
Duerno huet si nach Coursë beim György Sandor a Leon Fleisher besicht. 1988 ass den Ufank vun enger internationaler Carrière als Pianistin.
Si spillt mat esou bekannten Dirigenten ewéi dem Charles Dutoit, Wolfgang Sawallisch, Michel Plasson Eliahu Inbal, Claudio Abbado, a.e.w.
Nieft dem Piano huet d'Hélène Grimaud eng zweet Passioun, si beschäftegt sech mat Wëllef am Wolf Conservation Center.
[änneren] Diskographie
Bei Denon
- Rachmaninoff - Piano Sonat No. 2 (1986)
- Chopin - Ballade Nr. 1 / Liszt - Après une Lecture de Dante / Schumann- Sonat fir Piano (1987)
- Schumann - Kreisleriana / Brahms - Piano Sonat No. 2 (1989)
- Brahms - Piano Sonaten Nr. 3 a 6, Pianosstécker (1992)
- Rachmaninoff - Concerto fir Piano No. 2 / Ravel - Piano Concerto (1993)
Bei Erato
- Schumann - Concerto fir Piano / Strauss - Burleske (1995)
- Brahms - Stécker fir Piano Op. 116-119 (1996)
- Gershwin / Ravel - Concertoen fir Piano (1997)
- Brahms - Concerto fir Piano Nr. 1 (1998)
Bei Teldec
[änneren] Publikatiounen
- Hélène Grimaud: Variations sauvages, 2000, Robert Laffont ISBN 2266145487
- Hélène Grimaud: Leçons particulières, 2005, ISBN 2221103955
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Hélène Grimaud – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) Hélène Grimaud bei Deutsche Grammophon
- (fr) Fir ze lauschteren bei universalmusic.fr
