Hélène Palgen

Vu Wikipedia
Hélène Palgen
Gebuer 25. August 1902
Iechternach
Gestuerwen 8. Mee 1993
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Linguist

D'Hélène Palgen, gebuer de 25. August 1902 zu Iechternach, gestuerwen den 8. Mee 1993 an der Stad Lëtzebuerg, war eng lëtzebuergesch Sproochwëssenschaftlerin.

D'Hélène Palgen war Enseignante, a vun 1958 bis 1967 Direktesch vum Stater Meedercherslycée. Si war eng vun deenen éischten, déi d'Lëtzebuergesch wëssenschaftlech erfuerscht hunn, a war vun Ufank u Member vun der linguistescher Sektioun vum Institut grand-ducal. Do war si vun 1936 bis 1939 a vun 1945 bis 1948 Sekretärin, a vun 1950 bis 1959 Presidentin vun der Dictionnaireskommissioun. Tëscht 1969 an 1976 war si Presidentin vun der Linguistescher Sektioun.

D'Hélène Palgen war d'Sëschter vum lëtzebuergesche Literaturfuerscher Rudolf Palgen.

Fir un d'Hélène Palgen z'erënneren, huet d'Lëtzebuerger Post de 15. Mee 2018, fir hire 25. Doudesdag, en Timber vun 0,70 € erausginn.[1]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

(Auswiel)

  • Kurze Lautlehre der Mundart von Echternach, 1931.
  • "Untersuchungen zur Grammatik der Echternacher Mundart", in: Jahrbuch der Luxemburgischen Sprachgesellschaft 1931/32.
  • "Vokalismus der Mundart von Knaphoscheid (Kanton Wiltz)", in: Jahrbuch der Luxemburgischen Sprachgesellschaft 1933.
  • "Die Wortstellung im Luxemburgischen Nebensatz", in: Revue trimestrielle d'études linguistiques, folkloriques et toponymiques 2 (1935).
  • "Experimentalphonetik und Sprachwisseneschaft", in: Revue trimestrielle d'études linguistiques, folkloriques et toponimiques 7 (1936).
  • "Bericht über die Tätigkeit der luxemburgischen Wörterbuchkommission wärend den Jahren 1936-1937", in: Revue trimestrielle d'études linguistiques, folkloriques et toponimiques 12-13 (1937-38).
  • "Bretèllen, gaaljen, halsen, shléngeren", in: Revue trimestrielle d'études linguistiques, folkloriques et toponymiques 21-22 (1947).
  • Studien zur Lautgeographie Luxemburgs (= Beiträge zur Luxemburgischen Sprach- und Volkskunde IV), 1948. (iwwer den Dialekt am Minett)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Neuheiten in der Maximaphilie aus Luxemburg am Luxemburger Wort vum 2. Juli 2018, S. 51