Hémecht
D'Hémecht ass eng lëtzebuergesch Zäitschrëft iwwer d'Geschicht, virun allem vu Lëtzebuerg an der Groussregioun.
Inhaltsverzeechnes |
Beschreiwung [änneren]
D'Publikatiounsserie dréit den Ënnertitel "Revue d'histoire luxembourgeoise - Zeitschrift für Luxemburger Geschichte" a kënnt beim Verlag Éditions Saint-Paul am Format 16,5 x 24,5 cm eraus. E Joeresabonnement kascht am Joer 2012 36 Euro.
D'Zäitschrëft, déi eemol am Trimester erauskënnt, mat meeschtens dräi bis fënnef Bäiträg, publizéiert Fuerschungsaarbechten aus der Geschicht am wäite Sënn vum Wuert. Wichteg Themen, ausser der Geschicht selwer, sinn d'Archeologie, d'Genealogie, d'Heraldik, d'Numismatik, asw.
De Redaktiounscomité[1] besteet zënter 2011 aus dem Paul Dostert, dem Norbert Franz, der Sonja Kmec an dem Michel Pauly. All Manuskripter gi vun engem wëssenschaftleche Comité evaluéiert ier se publizéiert ginn.[2]
Geschicht [änneren]
D'Hémecht gouf 1895 vum Martin Blum an dem Charles Müllendorff ënner dem Numm Ons Hémecht gegrënnt. 1948 gouf et en neien Ulaf vun der Zäitschrëft ënnert dem Titel T Hémecht. Vun 1948 bis 1963 sinn ënnert deem Titel 15 Joergänk erauskomm.[3] Zënter 1964 dréit se den haitegen Numm Hémecht.[4]
Haaptredaktere ware vun 1963 bis 1983 de Joseph Maertz a vun 1983 bis 2011 de Paul Margue.[5][6]
Am Januar 2012 huet e Redaktiounscomité vu véier Memberen d'Leedung vun der Zäitschrëft iwwerholl. Deen 'neie' Redaktiounscomité an déi méi breet Ausriichtung vun der Zäitschrëft goufen de 16. Januar 2012 der Ëffentlechkeet virgestallt. [2]
Vun 1948 bis 2011 gouf an der Hémecht all Joers d'Bibliographie d'histoire luxembourgeoise publizéiert. Zënterdeems gëtt et als Bibliographie zu lëtzebuergesche Geschichtstheme just nach déi betreffend Rubrik an der Online-Nationalbibliographie vun der Nationalbibliothéik, déi awer manner ausféierlech ass, wéi et déi vun der Hémecht war.[7]
Index [änneren]
- Hémecht/Index 1895-1900
- Hémecht/Index 1901-1910 (net komplett)
- Hémecht/Index 1911-1920
- Hémecht/Index 1921-1930
- Hémecht/Index 1931-1940
- Hémecht/Index 1948-1950
- Hémecht/Index 1951-1960
- Hémecht/Index 1961-1970
- Hémecht/Index 1971-1980
- Hémecht/Index 1981-1990
- Hémecht/Index 1991-2000 (net komplett)
- Hémecht/Index 2001-2010
- Hémecht/Index 2011-2020 (net komplett)
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
Referenzen [änneren]
- ↑ [1]
- ↑ 2,0 2,1 Gaston Carré, 2012. Union pour la "Hémecht". La revue d'Histoire se dote d'un nouveau comité de rédaction. Luxemburger Wort vum 18. Januar 2012, S. 15.
- ↑ 1962 ass d'Serie net erschéngen. Quell: http://catalog.bibnet.lu/F/XF9T3BHGTNK9NMQYN7RJ65KF9TIIMQ5H9E98YT5HM1D7BCAYQ3-24029?func=direct&local_base=LUX01&doc_number=000075317
- ↑ Fir richteg misst et "Heemecht" geschriwwe ginn.
- ↑ Luxemburger Lexikon 2006, S. 170.
- ↑ Le Quotidien, 22.12.2011
- ↑ Romain Hilgert: "In memoriam". d'Lëtzebuerger Land 23. Dezember 2011, S.25.
