Hëllef:Inhaltsverzeechnes

Vu Wikipedia

En Inhaltsverzeechnis ass dofir do, fir dem Lieser et z'erméiglechen, bannent engem Artikel am Text hin an hier ze sprangen ouni de ganzen Artikel liesen ze mussen.

Den Titel vum Artikel, also d'Iwwerschrëft fir de ganzen Artikel gëtt automatesch als Iwwerschrëft vum 1. Niveau duergestallt. Dofir sollt déi éischt Iwwerschrëft am Artikel ëmmer eng Iwwerschrëft vum 2. Niveau sinn, also mat {{{1}}} ufänken. Bei de meeschten Artikele geet et duer mam 2. an 3. Niveau ({{{1}}} an {{{1}}}) fir Iwwerschrëften ze schaffen. Eng nei Ënnerdeelung soll am Prinzip och just da gebraucht ginn, wann op d'mannst zwee Ënnerabschnitter gebraucht ginn, d. h. datt en Abschnitt 2.1 just soll geholl ginn, wann et och en Abschnitt 2.2 gëtt.

Beispill:

Klima[änneren | Quelltext änneren]

Waasserleef[änneren | Quelltext änneren]

Bierger[änneren | Quelltext änneren]

Optiounen am Säitecode[änneren | Quelltext änneren]

D'Standardastellung vun der Wikipedia ass, datt d'Inhaltsverzeechnes bei méi wéi dräi Iwwerschrëften automatisch generéiert gëtt.

  • __FORCETOC__ erzwëngt en Inhaltsverzeechnes, och wa manner wéi véier Iwwerschrëften do sinn.
  • __TOC__ erméiglecht, datt d'Inhaltsverzeechnes un enger anerer Plaz am Text, wéi standardméisseg virun der éischter Iwwerschrëft, ugewise gëtt.
  • __NOTOC__ weist keen Inhaltsverzeechnes un.
  • {{TOCright}} oder {{TOCleft}} bewierken, datt d'Inhaltsverzeechnes op där Plaz, also riets oder lénks, an den Text kënnt. Doduerch kann ee Plaz aspueren.
  • {{TOC}} ass eng Schabloun an erméiglecht datt en horizontaalt alphabeteschet Inhaltsverzeechnes ugewise gëtt. Dës ass besonnesch vun Notze bei villen Iwwerschrëften oder bei Lëschten, déi als Iwwerschrëften d'Alphabet hunn (==A==, ==B== …)
  • Nieft all Iwwerschrëft steet automatesch en „Änneren“-Link, mat deem ee just de jeeweilegen Abschnitt ännere kann. Mat __NOEDITSECTION__ kann een dëst fir déi ganz Säit ausschalten.