Hëllef:Internationaliséierung
Wann et zu engem bestëmmten Thema Artikelen a verschidde Sprooche ginn, fënnt een an der Regel sougenannt Interlanguage-Linken ënnert dem Titel "Aner Sproochen" an der lénkser Kolonn. Éiert een esou e Link setzt, soll ee sécher sinn, datt d'Artikelen wierklech dat selwescht Thema behandelen.
D'Setze vu Linken op aner MediaWiki-Projete a Wikie gëtt op der Säit Hëllef:Interwiki-Linken erkläert.
[änneren] Interlanguage-Linke setzen
[änneren] Aner Sproochen
An engem lëtzebuergeschen Artikel kann op en engleschsproochege Pendant [[en:Titel op Englesch]] verwise ginn. Déi Linke stinn an der lénkser Kolonn ënner dem Menü. Déi passend Okkierzunge vun de Sproochen (ISO 639) fënnt een op der Säit List of Wikipedias vu Wikimedia. Interlanguage-Linke sollen alphabetesch no der Ofkierzung zortéiert ginn.
[änneren] Inline-Linken
En direkte Link op en Artikel an enger anerer Sprooch schreift een esou : [[:en:Article in English|Artikel op Englesch]] a gesäit esou aus: Artikel op Englesch. Mä opgepasst: esou Linken soll een net an Artikele setzen! Si solle just op Diskussiounssäiten oder op Meta-Säiten agesat ginn. An engem Artikel soll een ëmmer Artikelen an derselwechter Sprooch verlinken, egal ob et se gëtt oder net. Roud Linke sinn en Ureiz fir se blo ze maachen an domatter e wichtege Motor vun der Weiderentwécklung vun enger Wiki.