Hëllef:Menüpunkter
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Hei gëtt erkläert wat sëch hannert de Linken vun de Wikipedia-Säite verstoppt. Zu de verlinkte Begrëffer ginn et jeweils méi ausféierlech Erkläerungen.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Navigatioun
- Haaptsäit: féiert een zeréck op déi éischt Säit vun der Lëtzebuergescher Wikipedia.
- Kommunautéit: d'Kommunautéitssäit vun der Wikipedia.
- Themeportaler: sinn Aféirungssäiten zu verschiddenen Themegebidder.
- Aktualitéit: ass eng Zort Chronologie vun allem wat grad aktuell ass.
- Rezent Ännerungen: ass eng automatesch Lëscht vun den Artikelen, déi fir d'lescht geännert goufen.
- Zoufallssäit: weist nom Zoufallsprinzip ee vun den 27 231 Artikelen an dëser Wikipedia.
- Hëllef: bitt allméiglech Hëllefen un.
- Donatiounen: féiert op d'Websäit vun der Wikimedia Foundation mat der Méiglechkeet fir de Betrib vun der Wikipedia en Don ze maachen.
[änneren] Sichen
Et gëtt zwéi Modi fir ze sichen:
- op Artikel klicken, fir direkt en Artikel mam Titel vun Ärer Sich ze fannen
- wann Der op Volltext-Sich klickt, duersicht Wikipedia all Artikelen no dem Wuert wat Der aginn hutt
Wann et den Artikel no deem Der gesicht hutt nach net gëtt, mécht d'Wikipedia automatesch eng Volltextsich.
[änneren] Geschirkëscht
- Linken op dës Säit: zielt all Linke vun anere Wikipedia-Säiten op, déi op d'aktuell Säit déi Der ophutt, hiweisen.
- Ännerungen op verlinkte Säiten: weist déi lescht Ännerungen un Artikelen, déi op d'aktuell Säit déi Der ophutt, gemaach goufen - praktesch fir en Themegebitt am Aa ze behalen.
- rss atom: Link zu RSS bzw. Atom-Feeds (nëmmen op der Säit mam Historique vun den Artikelen)
- Eroplueden: féiert zu enger Méiglechkeet, fir Biller an Dateien eropzelueden. Biller sollen awer wa méiglech op de sproocheniwwergräifende Projet Wikimedia Commons eropgeluede ginn, wou se alle Sproochen zu gutt kommen. Méi doriwwer am Billertutorial.
- Spezialsäiten: erméiglechen den Zougrëff op verschidde besonnesch Funktiounen, ë. a. d'Uweise vun alle Benotzer oder och vu Weesenartikelen op déi kee Link hiweist.
- Printversioun: erméiglecht eng drockgerecht Formatéierung vun der Säit
- Zitéierfäege Link: Zitéierhëllef fir d'Zitéieren aus der Wikipedia.
[änneren] Umellen/Astellungen
Wann Der net ugemellt sidd:
- Umellen: hei geet et zum Login; Leit déi nach net ugemellt sinn, kënne sech hei och e Benotzerkont opmaachen.
Wann Der ugemellt sidd:
- Benotzernumm: féiert op déi eege Benotzersäit.
- meng Diskussioun: féiert op déi eegen Diskussiounssäit.
- Preferenzen: féiert zu der perséinlecher Konfiguratiounssäit, wou een ë. a. säi Passwuert ännere kann.
- Meng Suivi-Lëscht: Hei ginn all d'Ännerungen op de Säiten, déi Der an Ärem Suivi hutt, ugewisen.
- Meng Kontributiounen: eng Lëscht vun allen eegene Bäiträg zu der Wikipedia.
- Ausloggen: oofmelle vum System.
[änneren] Artikel, ... Historique
Fir jiddfereen:
- Artikel/Modell/Kategorie/Portal/Hëllef/Projetssäit/Benotzersäit: féiert op déi aktuell Säit.
- Diskussioun: féiert op d'Diskussiounssäit vum Artikel. Hei kënne Froë gestallt ginn, a Kommentären hannerlooss ginn.
- Änneren: Domadder kann een den Inhalt vum aktuellen Artikel änneren.
- Historique: weist eeler Versioune vum Artikel a ween alles dru geschafft huet.
Zousätzlech fir déi, déi ugemellt sinn:
- Réckelen: Domadder kann een den Artikel ëmbenennen. Gläichzäiteg gëtt eng Weiderleedung vum alen op den neien Numm ugeluegt.
- Iwwerwaachen/Net méi iwwerwaachen: Domadder kann een den aktuellen Artikel op d'Suivi-Lëscht setzen, oder nees erofhuelen.
Zousätzlech fir d'Administratoren:
- Protegéieren: Domadder ka keen ausser d'Administratore selwer um Artikel eppes änneren.
- Läschen: läscht den Artikel aus der Datebank.

