Hëllef Diskussioun:Wéi réckelen ech eng Säit

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Et ass vläicht gutt ze wëssen, datt geréckelt Säiten aus der Lëscht vun den Neie Säite verschwannen. Ob se och um Compteur dann net méi matgezielt ginn hunn ech nach net erausfonnt. Les Meloures 07:47, 20. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Bonjour. Villmools Merci fir déi wichteg Informatioun. Et ass ëmmer gutt ze wëssen, datt een eppes nach net erausfonnt huet. --Cornischong 10:32, 20. Mee 2008 (UTC)[äntweren]


Et ass och ëmmer gutt ze wëssen datt Leit déi sech ëmmer mëllen wa se eppes am Sytem net verstanen hunn an deenen aneren dann d'Aarbecht fir et ze verbesseren iwwerloossen.
Geeschter war zum Beispill an der Navigatioun Kommunautéitssäit erëm verschwonnen. Déi nächste Kéeir loossen ech bei esou Saachen deem Eelsten a wéi ech dann unhuelen och beschtinforméierten d'Suerg fir esou Saachen ze verbesseren. Et war awer gäer geschitt.
Wann eng Informatioun der wichteg genuch ass da brauchs och net nach laang e Kommentar driwwer ze maachen. Awer dat léisst déi Loschtgewënn deens de den anere Leit virwërfs warscheinlech net zou. Les Meloures 11:21, 20. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Dat hei hat iwwregens schonns ee virun enger laanger Zäit geschriwwen :

Wann deen iwerhiewleche Toun an déi soi-disant ironesch Remarquen bei Verbesserungen an esou weider net ophéieren, gesinn ech schwarz fir d'Lëtzebuerger Wiki, well domat si schons eng Parti Leit aus der Wiki verdriwwe ginn. Den 12 Februar 2006.

Les Meloures 11:26, 20. Mee 2008 (UTC)[äntweren]


Zeréck zum Thema: de System ass net einfach ze duerchkucken. Bei mengem Compteurstest ass deen neien Artikel nom Réckelen net aus der Lëscht vun den Neie Säite verschwonnen, mee ënnert deem alen Numm do stoebliwwen. Allerdings ass en och ni um Compteur opgedaucht, net emol ier e geréckelt gouf. Bosseg dat Ganzt. Op en-wiki an de-wiki hunn ech och näischt iwwert e Bug an deem Zesummenhank fonnt gehat. --Otets ♣ 17:02, 21. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Redirects that are linked to Wikidata[Quelltext änneren]

After a software change, it's now easy to link redirects on Wikipedia with items on Wikidata. The new policy on Wikidata is described in https://www.wikidata.org/wiki/Wikidata:Sitelinks_to_redirects . There are many cases where it's useful create these links to be able to provide interwiki-links between different languages. I propose adding a section to this help page that informs users of Wikipedia about the possibility and usefulness of creating these links. ChristianKl (Diskussioun) 15:57, 21. Nov. 2022 (UTC)[äntweren]