Hënn

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Dog template.gif Dësen Artikel iwwer Hënn ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Hënn
Canis latrans
Canis latrans
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Raubdéieren
Iwwerfamill: Hondsdéieren
Famill: Hënn
Wëssenschaftlechen Numm
Canidae
Fischer 1817
Ënnerfamilljen

Echt Fiiss (Vulpini)
Echt Hënn (Canini)

D'Hënn (Canidae) sinn eng Famill bannent der Iwwerfamill vun den Hondsdéieren. Heizou gehéieren z. B. d'Fiiss, verschidden als "Schakal" bezeechent Aarten, Kojoten, Wëllef an Haushënn. Et gëtt am Ganze 35 Aarten aus der Famill vun den Hënn.

Inhaltsverzeechnes

Anatomie [änneren]

Hënn hunn all laang Kiferen, spatz Oueren a e Schwanz, mä am Kierperbau am allgemenge ginn et vill Ënnerscheeder

Liewensraum [änneren]

Si sinn op alle Kontinenter vertrueden; ursprénglech hu se an Australien, Neiséiland, Neuguinea, Madagaskar an an der Antarktis gefeelt, mä och do si se duerch de Mënsch a ville vun deene Regiounen erabruecht ginn.

Hënn sinn am Oligozän vun Nordamerika entstanen. Et waren deemools kleng Déieren, déi de Fiiss geglach hunn, an nach hir Krallen anzéie konnten.

Liewensweis [änneren]

Et gëtt Ënnerscheeder am Sozial- an am Juegdverhalen tëschent deene verschiddenen Aarten.

Systematik [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Canidae – Biller, Videoen oder Audiodateien