Hënner

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Hënner

Den Hënner, (anatomesch, nates, clunium, gluteus, regio glutealis) ass e Kierperdeel um ënneschten Enn vum Leif, deen nëmme beim Mënsch a beim Af prononcéiert ass.

Inhaltsverzeechnes

Anatomie [änneren]

De groussen Hënnermuskel ass dee stäerkste Muskel am mënschleche Kierper. En erméiglecht et dem Mënsch ze goen an ze stoen, als Streckmuskel (Extensor) am Hëftgelenk, ausserdeem verhënnert en en Iwwerkippe vum Becke no vir.

Niewent der riichter Positioun beim Goen a Stoen erméiglecht den Hënner dem Mënsch et och, eng laang Zäit ze sëtzen. D'Form an d'Gréisst vun den Hënnerbaken hänkt zum gréissten Deel vun der Quantitéit vum Fett af.

Sozial Bedeitung [änneren]

Well den Hënner no bei den Ausscheedungsorganen an de Geschlechtsorganer ass, gëtt e fir en "intime" Kierperdeel gehal, deen eng staark erotesch Roll spillt. Op där anerer Säit gëllt en als "net propper" an e spillt an der Kierperhygiène eng ganz wichteg Roll.

An deene meeschte Kulturen erfuerdert d'Schimmt, fir den Hënner zouzedecken. D'Situatioune, an deenen de plakegen Hënner gewise gëtt stellen entweder eng sexuell Invitatioun duer oder eng provokant Beleidigung.

Den Hënner an der lëtzebuergescher Sprooch [änneren]

Et gëtt net vill Begrëffer am Lëtzebuergeschen, déi esou eng Panoplie vu Wierder ervirbruecht hunn, ewéi den Hënneschten, oder wéi en e bësse méi onsubliméiert genannt gëtt, den Aarsch.

Synonymen [änneren]

Deckel, Digel, Duckes, Duxall, Dueder, Kadaster, Kastout, Këscht, Kiwwel, Podex, Podokes. D'Luxemburger Wörterbuch weist nach d'Nimm an der Kannersprooch: Duddeli, Kickes, Kicki, Misch, Pup, Pupes, Roff, Su, Tut, Tutes a "bisweilen" Lach.

Zesummegesate Wierder [änneren]

Riedensaarten [änneren]

  • ni: Wann d'Vullen nei Äersch kréien.
  • onerhéiert: Et ass fir en Aarsch an d'Säit ze kréien.
  • een, deen eng Glatz huet: d'Akaul geet bei den Aarsch zuruuchten.
  • een, deen alles besser weess: hie weess alles aus der Aarschwuerzel eraus.
  • een, deen domm a liddereg ass: en ass esou domm, d'Aarschtut fält him iwwer em Schäissen zou
  • iwwer een, dee sech iwwerschafft: e schafft sech den Aarschdaarm eraus
  • iwwer een, dee vum Adel ass: en huet e blot Aarschlach
  • een dee sech iwwerschafft huet: e schleeft den Aarsch no

Den Hënner an der Literatur [änneren]

  • ... sëtzt de Fleeschkinnek op sengem knaschtegen Troun, mat senge verraschtene Longen a sengem halwen Hënner, deen d'Preisen (ween och soss) him 1942 futtigeschoss hunn.": aus dem Claudine Muno hirem Roman De Fleeschkinnek, op der Lay, 2002.

Den Hënner als sexuelle Fetisch [änneren]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Natesfetischismus Nuvola apps xmag.png

Sot et op Lëtzebuergesch! [änneren]

  • Ech hunn och e scheinen Muskelkater am Henner, den ass awer haut de Moien fort.; aus engem Chat am Net (ënner Events an Feedback)
  • Eis Joffer huet en dënne Busen, en dënne Bauch, dënn a laang Been an en décken Hënner. Si huet grouss an dënn Hänn.; aus der Beschreiwung um Spaweck vun enger "Joffer" vun enger Spillschoul.
  • Ass daat e Bauch oder een Henner??:-) ; aus engem Pubtour vum Spaweck.
  • Also ech kann awer och net sou mam Hënner wackelen, datt jiddwereen géif fannen ech wier den idealen Popstar, dat kann ech Iech awer garantéieren. De Jean-Claude Juncker am RTL Radio de 27.12.2003 an engem Interview zum Joresenn.

Kuckt och [änneren]

Commons: Buttocks – Biller, Videoen oder Audiodateien