Hôtel Ritz (Paräis)

Vu Wikipedia
Hôtel Ritz
Land Frankräich
Gemeng 1. Arrondissement vu Paräis
Plaz Place Vendôme
Koordinaten 48° 52’ 04.70’’ N
      02° 19’ 44.00’’ O
Baustil Barock
Architekt(en) Jules Hardouin-Mansart
Datum vum Bau 1898
Opgaangen 1. Juni 1898
Genannt no César Ritz

Den Hôtel Ritz ass en Hotel am Zentrum vu Paräis, am 1. Arrondissement. E läit op der Place Vendôme a gëllt als ee vun de luxuriéisten Hotellen op der Welt. Am Juni 2016 ass en no enger véierjäreger Renovatioun nees nei opgaangen.

Den Hotel, deen haut 159 Zëmmer huet, gouf 1898 vum Schwäizer Hotelier César Ritz an Zesummenaarbecht mam Chefkach Auguste Escoffier opgemaach. Den neien Hotel ass hannert der Fassad vun engem Stadhaus aus dem 18. Joerhonnert gebaut ginn an huet eng Vue op eng vun den zentrale Plaze vu Paräis. E war ee vun deenen éischten Hotellen an Europa, an deenen all Zëmmer e Buedzëmmer "en suite" hat, souwéi en Elektrizitéits- an en Telefonsuschloss. Domat konnt e sech séier als Luxusetablissement positionéieren, mat Monarchen, Politiker, Schrëftsteller, Filmstaren a Sänger als Gäscht. E puer Suitë sinn no berüümte Gäscht vum Hotel benannt, dorënner der Moudendesignerin Coco Chanel an dem Schrëftsteller Ernest Hemingway, déi jorelaang am Hotel gelieft hunn. Och eng vun de Baren, d'Bar Hemingway, gouf nom Hemingway genannt.

L'Espadon ass e weltberüümte Restaurant am Hotel Ritz. Déi gréisst Suite am Hotel, Imperial genannt, gouf vun der franséischer Regierung als nationaalt Monument klasséiert.

Wärend dem Zweete Weltkrich hunn déi Däitsch de Ritz als lokaalt Haaptquartéier vun der Luftwaffe benotzt. Nom Doud vum César Ritz sengem Jong Charles, 1976, hunn déi lescht Membere vun der Famill Ritz den Hotel un den egyptesche Geschäftsmann Mohamed Al-Fayed verkaaft.

Am August 1997 hunn d'Diana, Princess of Wales an an dem Al-Fayed säi Jong Dodi virun hirem déidlechen Autosaccident am Hotel giess.

Well den Hotel e Symbol vu Luxus an der High Society ass, kënnt en a ville fiktive Wierker fir, dorënner Romaner, Theaterstécker a Filmer.


Commons: Hôtel Ritz zu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien