Hôtel de Ville (Paräis)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Hôtel de Ville zu Paräis.

Den Hôtel de Ville zu Paräis, Frankräich, ass de Sëtz vun der Paräisser Administratioun. E steet op der Place de l'Hôtel de Ville (virdrun Place de Grève) am 4. Arrondissement, an ass de Sëtz vun der Municipalitéit vu Paräis zanter 1357. D'Gebai huet verschidde Funktiounen, hei ass d'lokal Administratioun doheem, genee wéi de Paräisser Buergermeeschter (zanter 1977), an hei ass och Plaz fir grouss Receptiounen.

Metro-M.svg Dohi kënnt een iwwer d'Metrosstatiounen: Hôtel de Ville a Châtelet.

Am Juli 1357 huet den Étienne Marcel, Prévôt des marchands vu Paräis, déi sougenannt Maison aux piliers kaaft, déi als en Deel vum Hafen un der Seine benotzt gouf. Spéider koum eng Plaz dobäi, d'Place de Grève, wou sech d'Paräisser dacks afonnt hunn, virun allem fir bei Hiriichtungen dobäi ze sinn. Zanter 1357 war d'Administratioun vu Paräis genee op der Plaz, wou haut den Hôtel de Ville steet. Viru 1357 war d'Stadsadministratioun an dem sougenannte Parloir aux bourgeois beim Châtelet ënnerbruecht.

1533 huet de franséische Kinnek François I. decidéiert, datt Paräis e richtegt Gemengenhaus géif brauchen, déi der deemools gréisster Stad an Europa an dem Chrëschtentum wierdeg wier. Hien huet zwee Architekten erausgesicht: den Italiener Dominique de Cortone, genannt Boccador, an de Fransous Pierre Chambiges. D'Maison aux piliers gouf ofgerappt an de Boccador huet e Gebai ganz am Stil vun der Renaissance entworf. Fäerdeggestallt gouf d'Bauwierk allerdéngs eréischt ënner dem Louis XIII. am Joer 1628.

An den nächsten zwee Joerhonnerte gouf näischt um Gebai verännert, wat d'Bühn fir eng Partie Evenementer vun der Franséischer Revolutioun sollt ginn (ënner anerem d'Ermuerdung vum Jacques de Flesselles de 14. Juli 1789 an d'Arrestatioun vum Robespierre den 9. Thermidor Joer II). 1835, op d'Initiativ vum Rambuteau, Prefekt vun der Seine, goufen zwee nei Fligele bäigebaut, fir der Administratioun vun der Stad méi Plaz ze bidden.

Den Hôtel de Ville nom Brand vun 1871.

Am Franséisch-Preisesche Krich huet d'Gebai nees eng Roll bei verschiddene politeschen Evenementer gespillt. Den 30. Oktober 1870 si Revolutionnären an d'Gebai agebrach an hunn de Gouvernement de la Défense Nationale als Geisel geholl, während si gefuerdert hunn, datt d'Commune en neie Gouvernement stelle sollt. Den existente Gouvernement gouf vun Zaldote befreit, déi duerch en ënnerierdeschen Tunnel aus dem Joer 1807 an den Hôtel de Ville komme konnten. Den 18. Januar 1871 hunn d'Leit virum Hôtel de Ville manifestéiert, nodeem si Rumeuren héieren haten, datt Frankräich sech géif de Preisen erginn. D'Commune vu Paräis huet sech den Hôtel de Ville als Haaptquartéier erausgesicht. Wéi hir Géigner d'Gebai ugegraff hunn, hunn Extremiste vun der Commune d'Bauwierk a Brand gesat, an et ass net méi vill dovun iwwreg bliwwen.

Den Optrag vun der Rekonstruktioun vum Gebai gouf no engem Architekturconcours un d'Architekten Théodore Ballu a Pierre Deperthes verginn. Bausse gouf d'Gebai am Stil vun der Renaissance vum 16. Joerhonnert gehalen, bannendra gouf sech éischter un en zäitgeméissen Dekor gehalen.

Zanter der Franséischer Revolutioun war d'Gebai ëmmer nees d'Bühn vu groussen historeschen Evenementer, sou zum Beispill fir d'Proklamatioun vun der Drëtter Republik 1870 a fir d'berühmte Ried vum Charles de Gaulle de 25. August 1944 bei der Liberatioun vu Paräis.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hôtel de Ville – Biller, Videoen oder Audiodateien