Hünsches

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Hünsch)
Wäissen Hünsches. Typesch si seng labber Drauf a seng praktesch net ageschnidde Blieder.

Hünsches respektiv Hünsch ass eng Riefzort, déi bis am 18. Joerhonnert eng wichteg a geleefeg Zort a ganz Mëtteleuropa war. Och zu Lëtzebuerg, wou se no an no duerch méi eedel Zorte wéi de Rhäifrensch oder Frensch verdrängt gouf. An der Mëtt vum 19. Joerhonnert ass d'Zort just nach ganz seelen ze fannen, wat un hire schlechte Qualitéite louch.[1]

Den Hünsches ass eng robust Zort déi et an enger wäisser an an enger rouder Variant gouf. Hiren Ertrag ass grouss, mä vu schlechter Qualitéit: wéineg Alkohol, sauer a kee Bouquet[2]. D'Zort eegent sech fir gréisser Undeeler a Wäinassemblagen duerzestellen. Mat Hünscher gouf am 19. Joerhonnert e schlechte Wäi bezeechent, deen e grousse Rendement hat.[3]

Zesumme mat Traminer a Burgunder zielt den Hünsches als Stamzort vun de moderne mëtteleuropäesche Riefzorten.

An anere Géigende ware follgend Bezeechnunge geleefeg: Heunisch an Däitschland, Gouais blanc a Frankräich, Gwäss an der däitschsproocheger Schwäiz.

Hautdesdaags gëtt et just nach Reschtbestänn vum Hünsch um Balkan (Kroatien, Rumänien, Slowenien) an an Osteuropa (Ukrain).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Fischer, Eugène, 1860. Notices historiques sur la situation agricole du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: V. Bück. 254 p. ; 20 cm.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. Fischer 1860: 184 an der Literatur.
  2. Deemno beschtens gëeegent fir dee berüchtegten Dräimännerwäin.
  3. Cf. Fischer 1860: 191 an der Literatur.