H-alpha-Teleskop

Vu Wikipedia
Observatioun vun eiser Sonn mat engem H-alpha Teleskop

En H-alpha-Teleskop ass en Teleskop, dat speziell fir d'Observatioun vun der Sonn entwéckelt gouf. D'Teleskop ass mat engem Interferenzfilter ausgerëscht (Fabry-Pérot-Interferometer), deen d'Sonnestralung nëmmen an engem enke Beräich (<0,1 nm) duerchléisst, dee genee der Wellelängt vum ugeregte Waasserstoff bei 656,28 nm (Nanometer) entsprécht. Déi Spektrallinn ass déi éischt vun der sougenannter Balmer-Serie (Haptquantenzuelen n = 2, m = 3) a gëtt H-alpha genannt, well si déi hellste Waasserstofflinn am Sonneliicht ass. Déi meescht Amateurteleskope kënnen och mat sou engem Filter bestéckt ginn.

D'Sonn erschéngt am H-alpha-Liicht a satem Rout a weist nieft de Sonneflecke besonnesch däitlech d'Strukture vun der Chromosphär – d'Sonnefakelen, d'Filamenter, Stralungsausbréch (Flaren) - an um Sonnerand déi gréisser Protuberanzen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie