HA Schult

Vu Wikipedia
HA Schult
Gebuer 24. Juni 1939
Parchim
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Kunstakademie Düsseldorf
Aktivitéit Kënschtler, Konzeptkënschtler

Den HA Schult, de 24. Juni 1939 als Hans-Jürgen Schult zu Parchim an Däitschland gebuer, ass en däitsche Kënschtler, deen haaptsächlech duerch Objekt- an Aktiounskonscht bekannt gouf.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den HA Schult gouf zu Parchim (Mecklenburg-Vorpommern) gebuer an ass zu Berlin opgewuess. Vun 1958 bis 1961 huet hien op der Kunstakademie Düsseldorf studéiert. Vun 1961 bis 1978 huet hien zu München gelieft, duerno bis 1986 zu New York, bis 1990 zu Essen, bis 1992 erëm zu Berlin. Haut schafft hie vun Köln aus.[1]

Eng Rei vu sengen Aktiounen huet hien zesumme mat senger „Muse“ Elke Koska realiséiert.

Zanter dem Hierscht 2010 ass hien am véierte Mariage mat der Violonistin Anna Zlotovskaya bestuet déi vu Moskau staamt an zanter 2003 zu Köln lieft.

Den HA Schult huet 1972 op der Documenta V a 1977 och op der Documenta VI zu Kassel Deel geholl.

Säi Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1991: Flügelauto
  • 1996: Weltkugel
  • 1996: Trash People
  • 1999: Hotel Europa
  • 2001: Love Letters
  • 2003: Trees for Peace
  • 2013: Herz aus Müll
Trash People virum Kölner Doum.

Trash People[änneren | Quelltext änneren]

1996 huet d'Gebuertsstonn vun den Trash People geschloen, enger ronn Dausend liewensgrousse Skulpturen aus Offall.

Se stoungen ënner der Grande Arche zu Paräis, op der Rouder Plaz zu Moskau, op der Chineesecher Mauer, virun de Pyramide vu Gizeh an op der Grande Place zu Bréissel. Se hu sech beim Matterhorn, am Salzwierk zu Gorleben a virum Kilkenny Castle an Irland versammelt. D'Schrottarméi stoung och virum Kölner Doum, beim Palais Herberstein zu Graz, zu Roum op der Piazza del Popolo, zu Barcelona op der Plaza Real, zu Washington D.C. an an der Arktis.

Vum 5. bis de 14. September 2014 stoungen d'Trash People op der Clairefontaine-Plaz an der Stad Lëtzebuerg am Kader vun de Photomeetings déi zu Lëtzebuerg vun der Galerie Clairefontaine organiséiert goufen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: HA Schult – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Informatiounspanneau zu Trash People, 2014 zu Lëtzebuerg