HD 10180

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stär HD 10180
Stär HD 10180
Numm a Stärebild
Numm HD 10180
Stärebild: Hydrus Hyi
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 01h 37m 53.576s
Deklinatioun - 60° 30' 41.50"
visuell Magnitude + 7,33 mag
Spektralklass: G1 V
Astrometrie
Radial Vitesse: 35,3 ± 0,2 km/s
Parallax 25,63 ± 0,38 mas
Distanz 127,3 ± 1,9 Lj
Absolut Hellegkeet +4,4 mag
Aner Bezeechnungen
Bayer-Bezeechnung
CD −61° 285
Henry-Draper-Katalog HD 10180
Hipparcos-Katalog HIP 7599
SAO-Katalog SAO 248411
Tycho-Katalog TYC 8850/1715/1
Kaart vum Stärebild Hydrus

Den HD 10180 ass e sonnenähnleche Stär am Stärebild Hydrus (kleng Waasserschlang), hien ass 128 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech.

Während enger sechsjähreger Studie mat Hëllef vum HARPS-Spektrograph am 3,6-m-Teleskop vum La-Silla-Observatoire vum Europäeschen Südobservatoire a Chile gouf festgestallt, datt de Stär e Planéitesystem vun op mannst sechs bis siwe Planéite huet.

Inhaltsverzeechnes

D'Planéitesystem vum HD 10180 [änneren]

  • Den HD 10180 b ass en onbestätegt Objet. De méigleche Planéit läit 0,02 AE vum Stär ewech, a brauch eppes méi wéi een Dag fir een Ëmlaf an huet eng Mindestmass, déi ongeféier der Mass vun der Äerd entsprëcht.
  • Den HD 10180 c läit 0,06 AE vum Stär ewech (ca. 6 mol méi no wéi de Merkur bei der Sonn), a brauch 5,4 Deeg fir en Ëmlaf an huet eng Mindestmass vu ronn 13 Äerd- oder 0,04 Jupitermassen.
  • Den HD 10180 d liäit ongeféier 0,1 AE vu sengem Stär ewech, a brauch ongeféier 11,5 Deeg fir eng Ëmrondung an huet eng ähnlech Mindestmass wéi den HD 10180 c.
  • Den HD 10180 e beweegt sech ongeféier ronn 0,3 AE ewech vum HD 10180 (eppes méi no wéi de Merkur bei der Sonn), brauch ronn 60 Deeg fir eng Ëmronnung an ass mat enger Mindestmass vu ronn 0,08 Jupitermasse wahrscheinlech e Gasris.
  • HD 10180 f liegt 0,5 AE vom Zentralgestirn entfernt (eppes méi no wéi d'Venus bei der Sonn), brauch ronn 129 Deeg fir eng Ëmronnung an huet eng Mindestmass wéi den HD 10180 e.
  • Den HD 10180 g ass 1,4 AE vu sengem Stär ewech (ähnlech wéi de Mars bei der Sonn), a brauch ca. 1,7 Joer fir en Ëmlaf an huet ongeféier 0,7 Jupitermassen.
  • Den HD 10180 h beweegt sech ronn 3,4 AE vum HD 10180, a brauch ronn 6,3 Joer fir en Ëmlaf an ass mat ca. 0,2 Jupitermassen deen Exoplanéit mat der gréisster Mindestmass ënnert de bekannte Planéite vum System.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Literatur [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: HD 10180 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Kënschtleresch Animatioun vum Planéitesystem