HI Parkes All Sky Survey

Vu Wikipedia

HI Parkes All Sky Survey, meeschtens kuerz als HIPASS bezeechent, ass eng radioastronomesch Duerchmusterung vum Himmel bei enger Wellelängt vun 21 cm, also der Wellelängt vum neutrale Waasserstoff. Si gouf mat dem 64-m-Radioteleskop vum Parkes-Observatoire an Australien tëscht 1997 an 2002 gemaach. Wéinst der Standplaz (33° Süd a 148° 15' Ost) kann den Teleskop Objeten nërdlech vun zirka 55° Nord net usteieren an dofir feelen déi an der Duerchmusterung.

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]