HL Tauri

Vu Wikipedia
HL Tauri
Foto vun enger Moleküllewollek déi d'Stären XZ Tauri (lénks ënner der Mëtt, roudelzeg) an HL Tauri (riets iwwer der Mëtt, bloelzeg) ëmgëtt, opgeholl mam Hubble-Weltraumteleskop.
Numm HL Tauri
Stärebild: Taurus (Tau)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 04h 31m 38,437s
Deklinatioun + 18° 13' 57,65"
visuell Magnitude ? mag
Spektralklass: K9
verännerleche Stärtyp T Tauri
Astrometrie
Radialvitess: +8,0 (±6,0) km/s
Distanz 450 Lj
Absolut Hellegkeet ? mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass: ?
Uewerflächentemperatur ?
Aner Bezeechnungen
2MASS J04313843+1813576

Den HL Tauri (ofgekierzt HL Tau) ass e ganz jonke veränderleche Stär vum Typ T-Tauri am Stärebild Taurus. Hie läit an der Taurus-Moleküllewollek an ass ongeféier 450 Liichtjoer vun eis ewech.

D'Liichtkraaft an déi effektiv Temperatur loossen op en Alter vu maner wéi 100.000 Joer schléissen. Mat enger visueller Hellegkeet vu 15,1 mag, kann hien net mat bloussem A observéiert ginn. Hien ass vun enger protoplanetarer Scheif mat konzentreschen donkle Beräicher ëmginn, an deene viraussiichtlech Planéiten entstinn. Polarjete vun dëser Scheif bilden den Herbig-Haro-Objet HH 150.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: HL Tauri – Biller, Videoen oder Audiodateien