HMS Royal Oak (08)
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat der HMS Royal Oak (08). Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Royal Oak (Homonymie). |
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
|
|
|---|---|
| Déngschtzäit | |
| Bauwerft: | Devonport Dockyard |
| Op Kiel gesat: | 15. Januar 1914 |
| Stapellaf: | 17. November 1914 |
| An Déngscht gestallt: | 1. Mee 1916 |
| Schicksal: | Versenkt de14. Oktober 1939 |
|
|
|
| Waasserverdrängung: | Normal: 28.000 ts Maximal: 31.200 ts |
| Längt: | Waasserlinn: 189 m am Ganzen: 190,3 m |
| Breet: | virum Ëmbau: 27 m duerno: 31,2 m |
| Déifgank: | 8,9 m (33 ft 7") |
| Ugedriwwe mat: | 4 Wellen mat Parson-Gedriww op Dampturbinne gekoppelt 18 Yarrow-Dampkesselen 40,000 shp (30 MW) |
| Vitesse: | 20 Kniet (37 km/h) |
| Aktiounsrayon: | 4.000 sm (7.400 km) |
| Kraaftstoffreserve: | 1.040 - 1.146 t |
| Bewaffnung: | Kanounen: 8 × 381 mm (15 inch) 12 × 152 mm (6 inch) |
D' HMS Royal Oak war e britescht Schluechtschëff, an dat eeleft Schëff mat deem Numm. Si huet zur Revenge-Klass gehéiert, an ass de 17. November 1914 bei den Devonport-Werften zu Devon vum Stapel gelaf.
Si war dat éischt Schluechtschëff, dat am Zweete Weltkrich versenkt gouf, an zwar vum däitschen U-Boot, U-47 ënner dem Kapitänleitnant Günther Prien, am Laf vun der Operatioun Scapa Flow.
Geschicht[änneren]
Éischte Weltkrich[änneren]
Si huet am Éischte Weltkrich hiren Déngscht haaptsächlech bei der Grand Fleet mat Heemechtshafe Scapa Flow gemaach. Den 31. Mee 1916 huet se ënner dem Kommando vum Kapitän C. MacLachlan un der Skagerrakschluecht deelgeholl, an ass ouni Schued zréck komm.
Zweete Weltkrich[änneren]
An der Nuecht vum 13. op de 14. Oktober 1939 gouf d' Schëff op senger Ankerplaz zu Scapa Flow vum däitschen U-Boot U 47 ënner dem Kommando vum Günther Prien ugegraff. D'U 47 huet am éischten Ulaf zwéin Torpedoen op d' Royal Oak ofgefeiert, déi awer net explodéiert sinn. Well d'U 47 net entdeckt gouf, konnt et en zweeten Ulaf huelen. Déi zweet Attack hat Erfolleg. Duerch zwéin Torpedotreffer gouf Royal Oak versenkt. 833 Mann vun der Besatzung sinn derbäi ëmkomm.
Een drëtten Torpedo huet och getraff. No offizielle britesche Meldungen war et de Wasserfligerdréier HMS Pegasus dee getraff gouf, an net de Schluechtkräizer HMS Repulse wéi de Prien ugeholl hat.
De Wrack haut[änneren]
De Wrack läit op der Positioun
58° 55’ 00’’ N 02° 59’ 00’’ Wop 30 m Déift op der Backbordsäit mam Kiel no uewen. Bei guddem Wieder kann een de Wrack gesinn. Aus Pietéit an am Intressi vum Schutz vu militäreschen Iwwerreschter ass engem Ëmkrees vun 300 m d'Dauche verbueden.
Literatur[änneren]
- Siegfried Breyer, Schlachtschiffe und Schlachtkreuzer 1905-1970, J. F. Lehmanns Verlag München, 1970, ISBN 3-88199-474-2
- Rod Macdonald, Dive Scapa Flow, Mainstream Publishing Edinburgh/London, 2000, ISBN 1-85158-983-X
- Alan Raven und John Roberts, Die britischen Schlachtschiffe des 2. Weltkrieges, Band 1, Bernard & Graefe Verlag München, 1980, ISBN 3-7637-5191-2
- A. Korganoff: Prien gegen Scapa Flow, 3. Auflage, 1989; Motorbuch Verlag, Stuttgart; ISBN 3-87943-497-2
| Commons: Revenge class battleship – Biller, Videoen oder Audiodateien |