Habich

Vu Wikipedia

D'Habich ass eng kleng Baach am Nord-Weste vu Lëtzebuerg an der Gemeng Wëntger déi hir Quell an der Belsch um Südrand vum Bësch mam Numm Vielle Haie, ongeféier 1 km nërdlech vun der belscher Uertschaft Moinet op enger Héicht vu 500 Meter huet. No engem Laf vu 1.500 m an der Belsch leeft se 200 m südlech vun der Grenzmark LB257 a Lëtzebuerg eran. 500 Meter méi spéit kritt se vu riets Gesellschaft vun enger Baach déi hir Quell och an der Belsch huet a lénks laanscht Hannerhaassel leeft. Déi zwou lafen dann zesummen nach 300 m. fir dann op enger Héicht vu 467 Meter an Trëtterbaach ze lafen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]