Habschter Tunnel

Vu Wikipedia
Den Habschter Tunnel vun der Hueweler Säit aus gesinn

Den Habschter Tunnel war en eegleisegen Eisebunnstunnel op der Atertlinn tëscht der Äischener Gare an der Hueweler Halt vum Kilometer 23,380 bis 24,070.

Den Tunnel, deen haut als Vëlospist an als Trëppelwee benotzt gëtt, ass 690 Meter laang an e gehéiert zanter dem 9. Juli 1973 der Gemeng Habscht.

Op der Héicht, wou en ënner der N8 erduerch geet, ass e ronn 65 Meter ënner dem Buedem. Op där Plaz stoung bei der Nationalstrooss fréier en Octroishaische mat enger Wiertschaft, de Café beim Bichler.

Op béid Säite vum Tunnel stoung e Gardshaischen. Dat op der Hueweler Säit ass lues e lues zesummegetrollt an dat op der Äischener Säit gouf eng laang Zäit als Weekendhaus benotzt.

Den Tunnel ass bannendra ganz gemauert. E gouf vun der Firma Schwipper vun Tréier gebaut, déi bei der Soumissioun ënner 8 Konkurrenten erausgesicht gouf. Ee vun den Haaptleit beim Bau vum Tunnel war deemools de Stroossener Jean-Nicolas Barblé.

Op der ganzer Längt sinn an Ofstänn vun 20 - 25 Meter op enger Säit am Mauerwierk Nischen agebaut, 27 Stéck am Ganzen.

Den Tunnel huet eng Héicht ënner dem Bou vu 5,50 Meter an d'Mauere sinn, bis op Héicht vum Usaz vum Bou, liicht ageschréit. Se sinn uewen en hallwe Meter méi wäit ausernee wéi op der Héicht vum Gleis, wou se 4,50 Meter wäit ausernee stinn. D'Verwëllef vum Tunnel ass 0,50 Meter déck. Laanscht d'Mauer op der Säit vis-à-vis vun den Nischen ass een 0,75 Meter breeden Entwässerungsgruef.

Beim Ofschloss vun den Aarbechten um Habschter Tunnel 1879, war et dee längsten am Land.