Hackerspace
En Hackerspace ass eng Plaz - meeschtens eng Lokalitéit mat e puer Raim - wou Mënsche sech treffen, déi ähnlech Interessen am Beräich vun der Technik hunn. Deen Interessi läit net onbédengt nëmmen an der Informatik (wéi een duerch d'Wuertbestanddeel "Hacker" kéint unhuelen), mä ka genee esou gutt och mat Elektronik, zäitgenëssescher Konscht, Fotografie an ähnlechem leien.
En Hackerspace versicht dëse Mënschen e Raum an eng Infrastruktur ze bidden, fir kreativ an innovativ Projeten ze realiséieren, déi si alleng net kéinte bewältegen. Hackerspacë sinn dacks en Ausgankspunkt vu Start-Up Firme mat neien, bis dohin onbekannten Iddien.
Inhaltsverzeechnes |
Inhalt vun engem Hackerspace [änneren]
An engem Hackerspace ginn normalerweis Projete gemaach, déi mat Software oder Elektronik, Fotografie oder ähnlechem ze dinn hunn. Dat kënne grouss LED Matricë sinn, eng Social Software, Roboteren oder ganz aner verréckt Iddien. Ausserdeem ginn heefeg Workshopen zu engem bestëmmten Thema wéi Sécherheet am Internet, Dateschutz, Programmatioun etc. gehalen. Och den Austausch mat Hackerspacen aus anere Länner a Stied gëtt als wichteg betruecht.
Niewt dësem éischter teschnëschen Inhalt geet et an engem Hackerspace awer och emmer sozial Interaktioun. Dofir gëtt och dacks zesumme gekacht, giess an op all méiglech Aart a Weis Zäit matenee verbruecht.
Funktionement [änneren]
En Hackerspace gëtt fir gewéinlech vun enger ASBL an Autonomie verwalt. Den Zougank ass am Idealfall 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg op 7 méiglech an d'Infrastruktur steet jidderengem zur Verfügung, deen eng kreativ Iddi huet.
Normalerweis gëtt en Hackerspace mat de Bäitreeg vu senge Membere finanzéiert. Am Kader vun IT-Initiativen oder Kultur-Fongen goufen Hackerspacen awer och scho vum jeeweilege Staat oder der Stad finanziell ënnerstëtzt.
Zu Lëtzebuerg [änneren]
Zënter September 2009 gëtt et och zu Lëtzebuerg een Hackerspace, deen sech zu Stroossen am ale Container vun der Primaireschoul befënnt.
Gefouert gëtt dëse Raum vun der am August 2008 gegrënnten Initiativ, déi sech beméit huet esou ee Projet op d'Been ze stellen. De Projet, dee sech syn2cat nennt, ass zënter dem Juni 2009 eng agedroën ASBL a beméit sech, Synergien tëschent de verschiddenste Computer-, Radiofunk- an Technik-Clibb am Land hierzestellen.
Aktivitéite [änneren]
Zënter senger Grënnung huet syn2cat eng Rëtsch Aktivitéiten organiséiert an un aneren deelgeholl. Ënnert anerem hu Leit aus dem Hackerspace als Graffiti Research Lab Luxembourg de LaserTagging um Nationalmusée fir Geschicht a Konscht organiséiert.
syn2cat huet awer och bäi de CDays 2009 matgemaach, Léit-Ateliere beim Jugendsummer zu Diddeleng proposéiert a war op der Defcon 17 mat engem Spriecher vertrueden.
Zënter November 2009 ass de lokalen Hackerspace och Auteur vun enger Sendung um Radio ARA an engem Podcast deen sech Lët'z Hack[1] nännt. Am Summer organiséiert den Hackerspace zesumme mam Chaos Computer Club säit zwee Joer den Outdoor-Camp HaxoGreen zu Diddeleng[2].
Am Ausland [änneren]
Am Ausland gëtt et eng hälle Wull vun Hackerspacen. Op Hackerspaces.org gëtt et eng ausféierlech Lëscht vun esou Plazen. Déi bekanntesten a gläichzäiteg eelsten am däitschsproochege Raum si wuel d'c-base zu Berlin an de Metalab zu Wien.