Hadir-Tower

Vu Wikipedia
Den Hadir-Tower

Den Hadir-Tower war e Gebai zu Déifferdeng, dat 1964 als Direktiounsgebai vun der Hadir gebaut gouf. Enn 2014/uganks 2015 gouf et ofgerappt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ier et gebaut gouf, war d'Direktioun vun der Schmelz an engem Gebai aus dem Joer 1901, der Villa Hadir, ënnerbruecht. Well dës ze kleng war, an net de modernen Uspréch ugepasst war, gouf 1962 mat den Aarbechten un engem neie Gebai ugefaangen, dem sougenannten Hadir-Tower. En hat 8 Stäck, war 34,75 m héich, a seng stole Struktur aus Grey-Träger, dem wichtegste Produkt vun der Schmelz, ass siichtbar gelooss ginn.[1] D'Fassad war aus Glas an aus blo-grénge Panneauen, typesch fir d'Architektur vun den 1960er Joren, an an der Entréeshal gouf et eng Trap, déi u stole Seeler houng, e Waasserbaseng an e ganze Koup Gréngs.[2]

Mee d'Gebai sollt net laang säin ursprénglechen Zweck erfëllen: Schonn 1965 huet d'Arbed d'Majoritéit vun den Hadirs-Aktien iwwerholl, an 1967 hunn déi zwou Gesellschafte komplett fusionéiert. D'Direktioun ass deemno an d'Stad an d'Arbedsgebai geplënnert.[1]

An den 1990er Joren huet de CEPS/INSTEAD sech dran ageriicht, ier en dann uganks vun den 2010er Joren op de Belval geplënnert ass.[2]. Zënterhir stoung d'Gebai eidel, an en huet net laang gedauert, ier et Affer vu Vandalismus gouf. 2014 huet de Gemengerot d'Genehmegung ginn, et ofzerappen.[2]

Et gouf Protester vu Leit, déi fréier do geschafft hunn, mä och vun Architekten, wéi dem Jim Clemes, déi den (industrie-)historeschen, architektoneschen an urbanistesche Wäert vum Gebai ervirgehuewen a virgeschloen hunn, et no Beispiller am Ausland fir aner Zwecker ëmzebauen an ze revaloriséieren.[2] Den 18. Juni 2014 huet d'Gemeng Déifferdeng Gréng Luucht gi fir e Kaf-Kompromis z'ënnerschriwwen, fir der ArcelorMittal deen Terrain ofzekafen, op deem ë. a. den Hadir-Tower steet. Een Deel vum Terrain soll un de Staat viruverkaf ginn, fir drop en neie Lycée ze bauen; d'Zukunft vum Rescht - an domat déi vum Tuerm - war, uganks September 2014, ongewëss.

E puer Méint drop gouf en ofgerappt.[3]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Norbert Kaell: [eng Broschür], 2014.
  • Julie Hoffmann: [eng Ofschlossaarbecht op der Universitéit Innsbruck; en cours]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 L. E.: " 'Hadir-Tower' in Differdingen: Schandmal oder Zierde: der schmale Grat." wort.lu, 14. August 2014 um 17:10.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Josée Hansen: " 'Den Tuerm muss stoe bleiwen!' ". d'Lëtzebuerger Land Nr.35, 29. August 2014, S.10-11.
  3. Hadir-Turm ist Geschichte: "'A' wie 'abgerissen'." wort.lu, 26.02.2015.