Hagen (Moundkrater)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Hagen ass den Numm vun engem staark rauen a rëssege Moundkrater op der Récksäit vum Mound. E läit am Norde vum grousse Planck-Krater a südwestlech vum Pauli-Krater op 48° 18' südlecher Breet an 135° 06' ëstlecher Längt. En huet en Duerchmiesser vu 55 km.
De Krater krut säin Numm zu Éiere vum Johann Georg Hagen, laangjäregen Direkter vum Vatikan-Observatoire.