Hakuchō

Vu Wikipedia
Hakuchō
De Röntgenteleskop Hakuchō
Typ Röntgenteleskop
Land Japan
Agentur ISAS
Apogeum 433 km
Perigeum 421 km
Bunnschréi 29,9°
Mass 100 kg
Bunn-Ëmlafzäit 93,1 min
Start 21. Februar 1979, 05:00 UTC
Startplaz Kagoshima
Drorakéit Mu-3C-4
Status vergloust de 16. Abrëll 1985

Den Hakuchō, Japanesch fir Schwan war den éischte japanesche Satellit fir Röntgenastronomie. Den Numm vum Projet war ufanks bis zum Start CORSA-B (Cosmic Radiation Satellite B).

De Virgänger CORSA-A deen och am Institute of Space and Astronautical Science entwéckelt gi war, hat de 4. Februar 1976 duerch eng Feelfunktioun vun der Drorakéit d'Äerdemlafbunn net erreecht.

Den Hakuchō gouf den 21. Februar 1979 mat enger Mu-3C-Rakéit vum Kagoshima Space Center aus gestart. De 16. Abrëll 1985 goung d'Missioun mat dem Verglousen an der Äerdatmosphär op en Enn. Den Hakuchō hat dräi wëssenschaftlech Instrumenter fir den Energieberäich 0.1-100 keV u Bord. De Satellit hat nei Erkenntnesser bruecht, besonnesch iwwer verännerlech Röntgenquellen um Himmel wéi Pulsaren, an iwwer Quelle mat Ausbréch mat verstäerkter Röntgenstralung.

Weider japanesch Satellitte fir d'Röntgenastronomie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie