Halifax-Monument zu Cugny

Vu Wikipedia

D'Halifax-Monument zu Cugny ass e Monument vum Zweete Weltkrich dat un den Ofstuerz vun der Halifax LL358 MA-Y erënnere soll déi tëscht Cugny a La Neuville-en-Beine am Departement Aisne den 9. August 1944 ofgeschoss gouf.

D'Monument dat aus engem fassonéierte Bëtongsblock besteet steet steet op der rietser Säit vun der Departementale D568 an Directioun Neuville um Lieux-dit Le Bout des Riez 2,5 km südlech vu Cugny.

De Fliger vun der 161 RAF-Schwadroun war den 8. August um Fluchfeld vun Tempsford am Bedfordshire an England zesumme mat enger zweeter Maschinn gestart a sollt Material a Munitioun fir d'franséisch Resistenz an der Géigend vu Saint-Quentin parachutéieren.

Just ier d'Material konnt ofgeworf ginn, gouf den Halifax vun engem däitsche Jeeër ofgeschoss, an ass an der Loft explodéiert. Déi siwe Mann Equipage sinn dobäi ëm d'Liewe komm a goufen um Kierfecht vu Cugny begruewen. D'Nimm vun den Zaldote sinn um Monument opgezielt:

  • Antony Albert Rivers, Sgt, RAF VR
  • Joseph William Niccholls, F/Sgt, RAF VR
  • Clifford George Bragg, Sgt, RAF VR
  • Bryan Charles Dean, Sgt, RAF VR
  • John Bruce Grady, P/O, RCAF
  • Ellis Markson, Sgt, RAF VR
  • George Edwards Rhead, P/O, RAF