Hallefregelméisseg verännerlech Stären

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Hallefregelméisseg verännerlech Stäre si Rout Risen oder Iwwerrise mat mëttlerem bis spéidem Spektraltyp. Si weisen deelweis Periode vu grousser Dauer, begleet oder heiansdo ënnerbrach vu verschiddenen Onregelméissegkeeten. D'Periode leien am Beräich tëscht 20 a méi wéi 2000 Deeg, während d'Form vum Liichtbou zimlech verschidden a variabel mat all Zyklus ka sinn. D'Amplitudë kënne vun e puer Honnertstel bis zu ville Magnitude reechen (gewéinlech sinn et 1 bis 2 Magnituden am V-Filter).

Hallefregelméisseg verännerlech Stäre ginn a folgend Gruppen ënnerdeelt: (SR steet fir Semiregulair variable Stär; nieft der Schreifweis mat Klengbuschstawen um Schluss gëtt et och d'Variant mat ausschliisslech Groussbuschtawen, also beispillsweis SRA amplaz vun SRa):

  • SRa: Spéit Risestären an de Spektraltypen M, C, S oder Me, Ce, Se, déi bleiwend Periode mat gewéinlech klengen Amplituden (manner wéi 2,5 Magnituden am Visuellen) weisen. De Stär Z Aquarii ass e Beispill vun där Klass. D'Amplituden an d'Forme vun de Liichtbéi variéieren am Allgemengen an d'Periode leien an engem Beräich vu 35 bis 1200 Deeg. Vill vun dëse Stären ënnerscheede sech vu Mira-Verännerlechen nëmmen doduerch, datt si méi kleng Amplituden an der Hellegkeet hunn.
  • SRb: Spéit Risestären an de Spektraltypen M, C, S oder Me, Ce, Se mat schwiereg definéierbarer Periodizitéit (Duerchschëttszyklen sinn am Beräich vun 20 bis 2300 Deeg) oder mat wiesselnden Intervalle vun hirer Period a luesen, onregelméissegen Ännerungen. Geleeëntlech kënnen e puer vun hinnen hir Variatioune fir eng bestëmmten Zäit ganz ënnerbriechen. D'Stären RR Coronae Borealis an AF Cygni si Beispiller fir dëst Verhalen. Jiddwer Stär vun dësem Typ ka gewéinlech enger bestëmmter Period zougesprach ginn. Bei enger gewësser Zuel vu Fäll kann och eng gläichzäiteg Presenz vun zwou oder méi Perioden observéiert ginn.
  • SRd: Risen an Iwwerrisen vun de Spektralklassen F, G, oder K , heiansdo mat Emissiounslinnen an hire Spektren. D'Amplitudë vun hiren Hellegkeetsännerunge sinn am Beräich vun 0,1m bis 4m, an hir Perioden leien tëscht 30 an 1100 Deeg. D'Stären SX Herculis an SV Ursae Majoris si Beispiller vun dëser Klass. Am M13 kann en Dosende vun dëse roude Verännerleche mat amateurastronomesche Mëttelen observéiert ginn. Hir Hellegkeet schwankt tëscht 11,95m an 12,25m mat enger Period vun 43 Deeg (V24) bis 97 Deeg (V43).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie