Halton Arp

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Halton Arp am Joer 2008

Den Halton Christian Arp gebuer den 21. Mäerz 1927 zu New York ass en US-amerikaneschen Astronom.

Den Arp huet op der Harvard Universitéit (B.A., 1949) studéiert an am CalTech (Ph.D., 1953). Duerno gouf hie am Joer 1953 wëssenschaftleche Mataarbechter vun der Carnegie Institution of Washington, fir déi hien am Mount-Wilson-Observatoire an am Mount-Palomar-Observatoire gefuerscht huet.

Am Joer 1955 gouf hie Fuerschungsassistent op der Indiana University a 1957 Beamten um Mount-Palomar-Observatoire, wou hie 29 Joer laang geschafft huet. 1983 huet hie fir d’Max-Planck-Gesellschaft an Däitschland geschafft.

Den Arp ass bekannt fir déi ëmstridden Theorie, datt d’Routverrécklung vun astronomeschen Objeten wéi vu Quasaren net ganz grouss Distanzen uweisen. Domat bestreit hien eng vun de Grondlagen fir d’Urknalltheorie. Geneesou vertrëtt hien eng alternativ Gravitatiounstheorie am Sënn vun der Le-Sage-Gravitatioun.

Hien huet och e Katalog mat ongewéinleche Galaxien zesummegestallt: den Atlas of Peculiar Galaxies.

Auszeechnung [änneren]

Um Spaweck [änneren]