Hammhaff

Vu Wikipedia
Hammhaff
Aussprooch
An anere Sproochen de: Hammhof
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Gemeng Bäerdref
Buergermeeschter Joé Nilles
Koordinaten 49° 50’ 18’’ N
      06° 21’ 30’’ O

Den Hammhaff ass e Bauerenhaff, deen zu der Gemeng Bäerdref gehéiert.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Hammhaff läit 1 km nërdlech vu Bäerdref, op engem Plateau, ronderëm deen d'Sauer eng laanggezunne Schleef zitt. Den Numm Hamm dréckt dëst aus (vgl. Hamm an der Stad Lëtzebuerg). Den Hammhaff läit op enger Héicht vun 378 Meter a stéisst am Norden un de Bësch mam Numm Rammelee am Osten un de Fënnefter, am Süden un d'Scheifheck an de Seitert an am Westen un de Kalekapp.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Um Kalekapp huet de Staatsmusée ëm d'Joer 2000 archeologesch Ausgruewunge gemaach, bei deenen Iwwerreschter vun enger Siidlung aus der Steenzäit fonnt goufen.

Den Haff selwer war laang Zäit, bis déi opgeléist gouf, am Besëtz vun der Abtei Iechternach.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]