Hamois
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Communautéit | Franséisch Communautéit | ||||
| Provënz | |||||
| Arrondissement | Dinant | ||||
| Telefonszon | 083 | ||||
| Postcode | 5360 | ||||
| Koordinaten | 50° 20' 28" N 05° 09' 37" O |
||||
| Fläch | 7 647 ha | ||||
| Bevëlkerung | 6 752 (1. Jan. 2008) | ||||
Hamois (op Wallounesch Hamwè, lokal Amwé ) ass eng belsch franséischsproocheg Gemeng a Wallounien, an der Provënz Namouer.
Fréier huet Hamois zu der Gemeng Ciney gehéiert, an domatter zum Fürstentum Léck. 1145 gëtt d'Uertschaft als Halmata ernimmt an duerno ëm 1497 als Hamay.
Am 11. Joerhonnert war Hamois eng Seigneurerie déi dem Kapitel vun der Collégiale Saint-Paul vu Léck gehéiert huet. Hubinne war déizäit d'Par an eng eegestänneg Seigneurerie, där hiren Här d'Fonctioun vum Avoué du chapitre hat. Vum 14. bis zum 18. Joerhonnert waren d'Häre vu Bolland, en Ofleer vum Haus Brandebourg do Meeschter. D'Herrschaft koum 1711 an de Besëtz vun den Häre vu Spontin, a blouf dat bis zum Enn vum Ancien Régime.
An der Zäit vun der franséischer Besatzung ass et mat Hubinne fusionnéiert, an d'Gemeng huet dunn Hamois et Hubinne geheescht, a war am Departement Sambre-et-Meuse. 1898 sinn d'Uertschaften Achet a Monin oggespléckt ginn fir déi eegestänneg Gemeng Achet ze bilden.
Déi haiteg Gemeng ass bei der belscher Gemengereform vun 1977 enstanen, duerch d'Fusioun vun de Gemengen Achet, Emptinne, Hamois, Mohiville, Natoye, Schaltin, a Scy.
Fréier war Hamois un d'belscht Eisebunnsnetz ugeschloss, iwwer d'Streck Statte-Cyney. Hautdesdaags ass déi fréier Gare eng beléift Raschtplaz fir Vëlosfuerer a Spadséiergänger déi iwwer de RAVeL La Traversine dohinnerkommen.
Un d'Stroossennetz ass Hamois iwwer d'N97 ugeschloss, déi do Chaussée de Liège heescht.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Hamois – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Andenne - Anhée - Assesse - Beauraing - Bièvre - Cerfontaine - Ciney - Couvin - Dinant - Doische - Eghezée - Fernelmont - Floreffe - Florennes - Fosses-la-Ville - Gedinne - Gembloux - Gesves - Hamois - Hastière - Havelange - Houyet - Jemeppe-sur-Sambre - La Bruyère - Mettet - Namouer - Ohey - Onhaye - Philippeville - Profondeville - Rochefort - Sambreville - Sombreffe - Somme-Leuze - Viroinval - Vresse-sur-Semois - Walcourt - Yvoir