Handball Käerjeng

Vu Wikipedia

Den Handball Käerjeng ass den Handball-Club vu Käerjeng. Fir de Moment spillt de Veräin an der neier Sportshal "Um Dribbel" zu Käerjeng.

Geschicht an Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

1974 gouf de Klub ënner dem Numm Handball Club Bascharage gegrënnt an ass zanterhier ganz erfollegräich an huet virun allem bei den Damme vill Titele geholl.

Vun 2005 un hunn d'Dammen an der däitscher Uewerliga gespillt an duerno vun 2010 bis 2017 ënner dem Numm Roude Léiw Bascharage (mat däitscher Lizenz) an der West-Staffel vun der däitscher 3. Liga, wou se 2011 Ligameeschter goufen.

De 27. Juni 2012 gouf den Numm op Handball Käerjeng geännert.

All Alterskategorien zesummegeholl huet de Klub 12 Ekippen déi an den Divisioune vun der FLH engagéiert sinn. Dobäi gëtt d'Jugendaarbecht ganz grouss geschriwwen.

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

Dammen[änneren | Quelltext änneren]

Hären[änneren | Quelltext änneren]

  • Champion vu Lëtzebuerg (2014, 2018).
  • 4-mol Gewënner (2004,2008,2015, 2016) a sechsmol Finalist (1988, 2002, 2003, 2011, 2012, 2014) vun der Coupe de Luxembourg.
  • 15-mol bei enger vun de Coupe d'Europe matgespillt (2001, 2002, 2003, 2004, 2008, 2010, 2013 bis 2019) [2].
  • An der Nationaldivisioun: 1985/86, 1988/89, 1992/93, 1995/96, 1998-?.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]