Handbeliichtungsmiesser

Vu Wikipedia
En digitalen Handbeliichtungsmiesser vu GOSSEN

En Handbeliichtungsmiesser ass e Photometer, mat deem beim Fotograféieren d'Liicht op zwou Manéiere ka gemooss ginn.

Objetsmiessung[änneren | Quelltext änneren]

Dobäi gëtt d'Liichtdicht vun deem Liicht gemooss, dat vum Objet reflektéiert gëtt. Et ass kloer, datt bei enger Brautkoppel, d'Braut am wäisse Kleed an de Bräitchemann am schwaarze Kostüm, net jiddweree sou vill Liicht reflektéiert wéi deen aneren. Wa se béid sollen op eng Foto kommen, gëtt et quokeleg, well et kaum méiglech ass, fir en Duerchschnëttswäert ze kréien.

Liichtmiessung[änneren | Quelltext änneren]

Dobäi gëtt d'Beliichtungstäerkt vun deem Liicht gemooss, dat op den Objet fält. Am Fall vun der wäiss-schwaarzer Koppel léisst sech mam Handbeliichtungsmiesser genee moossen, wéi vill Liicht "do" ass, ofgesi vun engem hellen oder däischteren Objet.

De Beliichtungsmiesser am Fotoapparat[änneren | Quelltext änneren]

Well bei engem Fotoapparat mat agebautem Beliichtungsmiesser nëmmen d'Objetsmiessung méiglech ass, ass déi Zort vu Miessen e Kompromëss, dee fir Schnappschëss duergeet, mä den exigente Fotograf net zefridde stelle kann. Besonnesch net, wa mat Mëschliicht geschafft gëtt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Handbeliichtungsmiesser – Biller, Videoen oder Audiodateien