Handmixer

Vu Wikipedia
En Handmixer
E manuelle Mixer

En Handmixer, meescht einfach Mixer genannt, ass en elektreschen Apparat, de benotzt gëtt fir Liewensmëttel ze verschaffen. E gëtt am Grapp gehalen a säin Zweck ass et, an enger Schossel verschidde Liewensmëttel mateneen ze vermësche fir zum Beispill en Deeg, eng Zooss oder Schlagsan ze kréien. E kann zwee Elementer hunn, déi engem Schnéibiesem gläichen, an déi sech méi oder manner séier dréine kënnen, oder zwee Spiralelementer fir méi schwéieren Deeg ze vertriwwelen. Meeschtens huet en op der hënneschter Säit en Uschloss mat Gewënn wou e Mixkapp mat Messere kann drun ugeschloss gi fir reng ze mixen.

Virun den elektreschen Apparater gouf et der mat enger Handkierp.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Handmixer – Biller, Videoen oder Audiodateien