Handwierk zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia

Mat senge 6600 Entreprisen, déi 80.000 Persoune beschäftegen, ass d'Handwierk zu Lëtzebuerg eng wichteg Sail vun der Lëtzebuerger Wirtschaft. Säin totalen Ëmsaz schätzt de President vun der Lëtzebuerger Handwierkerfederatioun op 3,25 Mrd € pro Joer. D'Handwierk huet des Weideren, ëmmer nach no him, 15.000 nei Aarbechtsplazen an den zéng leschte Jore geschaf. Wouer bleift et trotzdeem, datt d'Handwierk am Land, wéi iwwerall, sech strukturméisseg total verännert huet:

  • Verschidde Kategorië vun Handwierker si verschwonnen,
  • Anerer hu sech dynamesch entwéckelt a sech spezialiséiert,
  • d'Zuel vun den Haaptbranchen am Handwierk gëtt ëmmer méi laang (eng 65 no der Lëscht vun der Handwierkerkammer),
  • Erëm aner Handwierker hu sech transforméiert, an hunn en industrielle Charakter kritt..

Handwierker mat enger dynamescher Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Handwierker, déi ausstierwen[änneren | Quelltext änneren]

Den Encadrement vum Handwierk[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Handwierk zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien