Hans-Gert Pöttering
Den Hans-Gert Pöttering, gebuer de 15. September 1945 zu Bersenbrück/Niedersachsen, ass en däitschen Politiker (CDU) a war vum Januar 2007 bis Juni 2009 President vum Europaparlament.
Hien ass zënter der éischter Direktwahl 1979 Member vum Europaparlament a war vu 1999 bis 2007 Fraktiounschef vun der EVP-ED. Bei der Wahl zum Europaparlament 2004 war hie Spëtzekandidat vu der däitscher CDU. Opgrond vun enger Afmachung mat der sozialistischer Fraktioun huet hien de Josep Borrell an der zweeter Halschent vun der Legislaturperiod, vum 16. Januar 2007 un, als Parlamentspresident ofgeléist. Den Hans-Gert Pöttering ass ee vun de sechs Europadeputéierten, déi dem Europaparlament zënter der éischter Direktwahl am Joer 1979 ouni Ënnerbreechong ugehéieren.
Den Hans-Gert Pöttering war vun 1997 bis 1999 President vun der iwwerparteilecher Europa-Union Däitschland. Hien ass Member vum CDU-Presidium a Comiteesmember vu der Konrad-Adenauer-Stiftung. E wunnt zu Bad Iburg bei Osnabrück, ass kathoulesch an huet zwéi Jongen.
Als Europadeputéierten an als President vun der EVP-ED-Fraktioun hat den Hans-Gert Pöttering ëmmer eng enk Bezéiung zu Lëtzebuerg. Duerfir huet hien och den 18. Januar 2007 säin éischten Auslandsbesuch a senger neier Funktioun op Lëtzebuerg gemaach. Net ze vergiessen, datt hien den 22. Juni 2005 am Europaparlament zu Bréissel, a Presenz vum Premierminister Jean-Claude Juncker , de Bäitrag vun der Lëtzebuerger Présidence mat Luef ervirgestrach hat.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Seng Formatioun
- Studien am Droit, Politikwësseschaften a Geschicht op den Universitéite vu Bonn a Genf
- 1971 Studienopenthalt un der Columbia University zu New York
- 1974 Promotioun
- 1976 Zweete juristeschen Staatsexamen
[änneren] Beruflech Carrière
- 1976 bis 1979: Wëssenschaftlechen Mattarbeschter
- 1989: Berufung zum Chargé de Cours un der Universitéit Osnabrück
- 1995: Zënter 1995 Honorar-Professor
[änneren] Politesch Aktivitéiten
[änneren] An Däitschland:
- 1974 bis 1980 europapolitische Spriecher vun der der Jungen Union Niedersachsen;
- 1981 bis 1991 Landespresident vun der Europa-Unioun Niedersachsen;
- 1997-1999 President vun der Europa-Unioun Däitschland
- CDU-Kreispresident vum Landkreis Osnabrück.
[änneren] An Europa:
- Member vum Europaparlament fir d'Regioun Osnabrück, Emsland, Ostfriesland zënter 1979.
- 1994 bis 1999: Vize-President vun der Fraktioun vun der Europäesche Vollekspartei am Europaparlament (Chrëstlech-demokratesch Fraktioun)
- Vize-President vun der Europäesche Vollekskspartei an den Europäeschen Demokraten (EVP-ED).
- 1984 bis 1994: President vun der Ënnercommissioun „Sécherheet an Ofrëschtung“ vum Europaparlament
- 1994 bis 1996: Leedung vum Groupe de Travail „Regierungskonferenz 1994“ vun der EVP an EVP-ED Fraktioun, där hir Virschléi als Grondsatzpapäier Ufank November 1995 vum EVP-Kongress gutgeheescht a fir de Vertrag vun Amsterdam rugezu si ginn
- 1996 bis 1999: Leedung vum Groupe de Travail „Erweiterung der Europäischen Union“ vun der EVP an der EVP-ED Fraktioun
- Zënter 1999 President vun der EVP-ED Fraktioun am Europaparlament
[änneren] Publikatiounen
- Pöttering,Hans-Gert: Von der Vision zur Wirklichkeit, Bouvier Verlag, 2004;ISBN 3-416-03053-2
- Kühnhardt,Ludger & Hans-Gert Pöttering: Europas vereinigte Staaten - Annäherungen an Werte und Ziele, 1993; ISBN 3-7201-5237-5
- Kühnhardt,Ludger & Hans-Gert Pöttering: Kontinent Europa: Kern, Übergänge, Grenzen. (= Texte + Thesen; 276). Osnabrück: 1998; ISBN 3-7201-5276-
- Kühnhardt, Ludger & Hans-Gert Pöttering: Weltpartner Europäische Union; 231 Seiten - Edition Interfrom, Januar 2001; ISBN 3720152529
- Pöttering, Hans-Gert & Frank Wiehler: Die vergessenen Regionen : Plädoyer für eine solidarische Regionalpolitik in der Europäischen Gemeinschaft; Taschenbuch - Nomos Verlagsgesellschaft mbH & Co. KG, 1983; ISBN 3789008915
- Pöttering, Hans-G.: Adenauers Sicherheitspolitik 1955-63. Ein Beitrag zum deutsch-amerikanischen Verhältnis. Droste, Düsseldorf 1975. 240 S. Okart., Anstr.,1975;
[änneren] Auszeechnungen an Unerkennungen
- Robert Schuman-Medail vun der EVP-ED Fraktioun
- Däitscht Bundesverdengschtkräiz (Commandeur)
- Éisträischecht Bundesverdengschtkräiz (Commandeur)
- 8. Juni 2001: Goldmedail vum Mérite Européen; Laudatio duerch den Helmut Kohl
- Gewielt duerch d'European Voice als Europadeputéierten vum Jor 2004
[änneren] Presidente vum Europaparlament (direkt gewielt) vun 1979 bis haut
| Legislatur | Period | Numm | Grupp | Land |
| 1re | 1979-1982 | Simone Veil | LDR | Frankräich |
| 1982-1984 | Piet Dankert | Sozialist | Holland | |
| 2e | 1984-1987 | Pierre Pflimlin | UDF/RPR | Frankräich |
| 1987-1989 | Lord Plumb | EVP-ED | Groussbritannien | |
| 3e | 1989-1992 | Enrique Barón Crespo | Sozialist | Spuenien |
| 1992-1994 | Egon Klepsch | EVP-ED | Däitschland | |
| 4e | 1994-1997 | Klaus Hänsch | PSE | Däitschland |
| 1997-1999 | José Maria Gil Robles | EVP-ED | Spuenien | |
| 5e | 1999-2002 | Nicole Fontaine | EVP-ED | Frankräich |
| 2002-2004 | Pat Cox | ELDR | Irland | |
| 6e | 2004-2007 | Josep Borrell Fontelles | PSE | Spuenien |
| 2007-2009 | Hans-Gert Pöttering | (EVP-ED) | (Däitschland) |
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
- Perséinleche Site vum Prof. Dr. Hans-Gert Pöttering
- Offiziell Säit vum Europaparlament op däitsch
- Viirstellung vum Hans-Gert Pöttering op der Websäit vun der EVP-ED
- [Biller vum H.-G. Pöttering op der offizieller Säit vun der CDU]
| Commons: Hans-Gert Pöttering – Biller, Videoen oder Audiodateien |