Hans-Gert Pöttering

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Hans-Gert Poettering)
Hans-Gert Pöttering
Gebuer 15. September 1945
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit Bonn,
Columbia University,
Universitéit vu Genf
Aktivitéit Politiker, Universitéitsprofesser
Partei CDU

Den Hans-Gert Pöttering, gebuer de 15. September 1945 zu Bersenbrück an Niedersachsen, ass en däitsche Politiker (CDU). Hie war vu Januar 2007 bis Juni 2009 President vum Europaparlament.

Hien ass zanter der éischter Direktwal 1979 Member vum Europaparlament a war vun 1999 bis 2007 Fraktiounschef vun der EVP-ED. Bei der Wal zum Europaparlament 2004 war hie Spëtzekandidat vun der däitscher CDU. Opgrond vun enger Ofmachung mat der sozialistischer Fraktioun huet hien de Josep Borrell an der zweeter Hallschent vun der Legislaturperiod, vum 16. Januar 2007 un, als Parlamentspresident ofgeléist. Den Hans-Gert Pöttering ass ee vun de sechs Europadeputéierten déi dem Europaparlament zanter der éischter Direktwal am Joer 1979 ouni Ënnerbriechung ugehéieren.

Den Hans-Gert Pöttering war vun 1997 bis 1999 President vun der iwwerparteilecher Europa-Union Däitschland. Hien ass Member vum CDU-Presidium a Comiteesmember vun der Konrad-Adenauer-Stiftung. E wunnt zu Bad Iburg bei Osnabrück, ass kathoulesch an huet zwéi Jongen.

Als Europadeputéierten an als President vun der EVP-ED-Fraktioun hat den Hans-Gert Pöttering ëmmer eng enk Bezéiung zu Lëtzebuerg. Dofir huet hien och den 18. Januar 2007 säin éischten Auslandsbesuch a senger neier Funktioun op Lëtzebuerg gemaach. Net ze vergiessen, datt hien den 22. Juni 2005 am Europaparlament zu Bréissel, a Presenz vum Premierminister Jean-Claude Juncker, de Bäitrag vun der Lëtzebuerger Presidence mat Luef ervirgestrach hat.

Seng Formatioun[änneren | Quelltext änneren]

  • Studien am Droit, Politikwësseschaften a Geschicht op den Universitéite vu Bonn a Genf
  • 1971 Studienopenthalt un der Columbia University zu New York
  • 1974 Promotioun
  • 1976 Zweete juristesche Staatsexamen

Berufflech Karriär[änneren | Quelltext änneren]

  • 1976 bis 1979: Wëssenschaftleche Mataarbechter
  • 1989: Beruffung zum Chargé de cours op der Universitéit Osnabrück
  • 1995: Zanter 1995 Honorar-Professer

Politesch Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

An Däitschland:[änneren | Quelltext änneren]

  • 1974 bis 1980 europapolitische Spriecher vun der Jungen Union Niedersachsen;
  • 1981 bis 1991 Landespresident vun der Europa-Unioun Niedersachsen;
  • 1997-1999 President vun der Europa-Unioun Däitschland
  • CDU-Kreispresident vum Landkreis Osnabrück.

An Europa:[änneren | Quelltext änneren]

  • Member vum Europaparlament fir d'Regioun Osnabrück, Emsland, Ostfriesland zanter 1979.
  • 1994 bis 1999: Vizepresident vun der Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei am Europaparlament (Chrëstlech-demokratesch Fraktioun)
  • Vizepresident vun der Europäescher Vollekspartei an den Europäeschen Demokraten (EVP-ED).
  • 1984 bis 1994: President vun der Ënnercommissioun „Sécherheet an Ofrëschtung“ vum Europaparlament
  • 1994 bis 1996: Leedung vum Groupe de Travail „Regierungskonferenz 1994“ vun der EVP an EVP-ED Fraktioun, där hir Virschléi als Grondsatzpapäier Ufank November 1995 vum EVP-Kongress gutgeheescht a fir de Vertrag vun Amsterdam rugezu si ginn
  • 1996 bis 1999: Leedung vum Groupe de Travail „Erweiterung der Europäischen Union“ vun der EVP an der EVP-ED Fraktioun
  • Zanter 1999 President vun der EVP-ED Fraktioun am Europaparlament

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Pöttering,Hans-Gert: Von der Vision zur Wirklichkeit, Bouvier Verlag, 2004;ISBN 3-416-03053-2
  • Kühnhardt,Ludger & Hans-Gert Pöttering: Europas vereinigte Staaten - Annäherungen an Werte und Ziele, 1993; ISBN 3-7201-5237-5
  • Kühnhardt,Ludger & Hans-Gert Pöttering: Kontinent Europa: Kern, Übergänge, Grenzen. (= Texte + Thesen; 276). Osnabrück: 1998; ISBN 3-7201-5276-
  • Kühnhardt, Ludger & Hans-Gert Pöttering: Weltpartner Europäische Union; 231 Seiten - Edition Interfrom, Januar 2001; ISBN 3720152529
  • Pöttering, Hans-Gert & Frank Wiehler: Die vergessenen Regionen: Plädoyer für eine solidarische Regionalpolitik in der Europäischen Gemeinschaft; Taschenbuch - Nomos Verlagsgesellschaft mbH & Co. KG, 1983; ISBN 3789008915
  • Pöttering, Hans-G.: Adenauers Sicherheitspolitik 1955-63. Ein Beitrag zum deutsch-amerikanischen Verhältnis. Droste, Düsseldorf 1975. 240 S. Okart., Anstr.,1975;
Den Hans-Gert Pöttering kritt den Doktorat Honoris Causa vum Andreas Kaplan, Rekter vun der ESCP Business School iwwerreecht

Auszeechnungen an Unerkennungen[änneren | Quelltext änneren]

Presidente vum Europaparlament (direkt gewielt) vun 1979 bis haut[änneren | Quelltext änneren]

Iwwerreeche vum Mérite Européen un de Gert Pöttering; den André Heiderscheid um Riednerpult, am Hannergrond de Jean-Claude Juncker an den Helmut Kohl
Legislatur Period Numm Grupp Land
1re 1979-1982 Simone Veil LDR Frankräich
1982-1984 Piet Dankert Sozialist Holland
2e 1984-1987 Pierre Pflimlin UDF/RPR Frankräich
1987-1989 Lord Plumb EVP-ED Groussbritannien
3e 1989-1992 Enrique Barón Crespo Sozialist Spuenien
1992-1994 Egon Klepsch EVP-ED Däitschland
4e 1994-1997 Klaus Hänsch PSE Däitschland
1997-1999 José Maria Gil Robles EVP-ED Spuenien
5e 1999-2002 Nicole Fontaine EVP-ED Frankräich
2002-2004 Pat Cox ELDR Irland
6e 2004-2007 Josep Borrell Fontelles PSE Spuenien
2007-2009 Hans-Gert Pöttering (EVP-ED) (Däitschland)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hans-Gert Pöttering – Biller, Videoen oder Audiodateien