Hans Albert Einstein

Vu Wikipedia
Hans Albert Einstein
Gebuer 14. Mee 1904
Bern
Gestuerwen 26. Juli 1973
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit USA, Schwäiz
Educatioun ETH Zürich
Aktivitéit Ingenieur, Enseignant, Physiker
Famill
Papp Albert Einstein

Den Hans Albert Einstein, gebuer de 14. Mee 1904 zu Bern an der Schwäiz a gestuerwen de 26. Juli 1973 zu Woods Hole am Massachusetts an de USA, war e gebiertege Schwäizer Ingenieur.

Den Hans Albert war den éischte Jong vum Albert Einstein a senger Fra Mileva Maric. Säi Papp huet déi Zäit zu Bern um Patentbüro geschafft a sech nieft senger Aarbecht u senge physikaleschen Theorië vill mat dem klengen Hans Albert ofginn. 1910 koum e Bridderchen zu Zürich op d'Welt, dat war de klengen Eduard, deen de Spëtznumm Tete krut.

1910 ass d'Famill op Berlin geplënnert, wou et der Mamm awer net gefall huet. Well hiert Bestietnes scho virdrun net méi an der Rei war, ass d'Mamm mat deenen zwee Kanner zeréck op Zürich gaangen. Den Hans Albert huet staark ënner der Trennung gelidden. 1919 si seng Eltere gescheet ginn.

Den Hans Albert war e ganz gudde Schüler. No der Première huet hien ugefaangen op der Eidgenösssecher Technescher Héichschoul (ETH) zu Zürich Technik ze studéieren. 1926 war hie Bauingenieur an hien huet duerno e puer Joer zu Dortmund am Stolbau geschafft.

Nodeem den Hans Albert sech 1927 mat der Frieda Knecht bestuet hat, ass d'Relatioun mat sengem Papp, déi sech ofgekillt hat, erëm besser ginn. Den Hans Albert an d'Frieda haten dräi Kanner mateneen, de Bernhard Caesar (*1930), zwee Joer drop de Klaus Martin, dee mat sechs Joer un Diphterie gestuerwen ass. Hiert drëtt Kand war d'Adoptivmeedchen Evelyn (*1941), dat 1958 gestuerwen ass. Ee Joer drop bestuet den Hans Albert sech mat enger Doktesch, der Elisabeth Roboz, mat där hie keng Kanner hat.

1930 ass säi Brudder Eduard u Schizophrenie erkrankt an huet misse psychiatresch am Burghölzli zu Zürich internéiert ginn, wou hien 1965 gestuerwen ass.

Enn 1933 ass säi Papp mat senger zweeter Fra Elsa an d'USA ausgewandert, wou hien eng nei Aarbechtsplaz zu Princeton am New Jersey fonnt hat. Véier Joer drop fiert och den Hans Albert an d'Vereenegt Staaten, ganz eleng, fir no enger Aarbecht ze sichen. Ufank 1938 kënnt hien an d'Schwäiz zeréck, fir schonn am Juni vum selwechte Joer mat senger ganzer Famill an North Carolina ze plënneren, wou hien eng Plaz als Fuerschungsingenieur fir Landwirtschaft fonnt hat. Spéider huet hien zu Pasadena um California Institute of Technology geschafft.

1947 plënnert den Hans Albert mat senger Famill op Berkeley, wou hie bis 1971 als Professer fir Hydraulik Course gëtt.

Seng Mamm stierft 1948 zu Zürich a säi Papp 1955 zu Princeton (USA).

De 26. Juli 1973 stierft den Hans Albert Einstein un Häerzversoen.