Hans Christian Blech

Vu Wikipedia
Hans Christian Blech
Gebuer 20. Februar 1915
Darmstadt
Gestuerwen 5. Mäerz 1993
München
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller
Member vun Bayerische Akademie der Schönen Künste
Den Hans-Christian Blech op enger Foto vum Berliner Fotograf Werner Bethsold
Den Hans Christian Blech an d'Lotte Berger (1938)

Den Hans Christian Blech, gebuer den 20. Februar 1915 zu Darmstadt a gestuerwen de 5. Mäerz 1993 zu München, war en däitsche Schauspiller.

Säi Filmdébut hat den Hans Christian Blech 1948 am DEFA-Film Affaire Blum. Duerno koume Filmer wéi 08/15 (1954) vum Paul May, Sauerbruch - Das war mein Leben (1955) vum Rolf Hansen an Das Erbe von Björndal (1960) vum Gustav Ucicky. International huet hie Rollen an de Filmer The Longest Day (1962) vum Ken Annakin, Bernhard Wicki an Andrew Marton, Morituri (1965) vum Bernhard Wicki an a La chair de l'orchidée (1974) vum Patrice Chéreau gespillt. Hie war awer och a Filmer vun de Regisseuren Hans W. Geissendörfer Claude Chabrol, Wim Wenders a Reinhard Hauff ze gesinn.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

vun 1948 bis 1959[änneren | Quelltext änneren]

vun 1960 bis 1969[änneren | Quelltext änneren]

vun 1970 bis 1979[änneren | Quelltext änneren]

vun 1980 bis 1990[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]