Hans Georg Bock

Vu Wikipedia
Hans Georg Bock
Gebuer 9. Mee 1948
Bottrop
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit Bonn
Aktivitéit Mathematiker, Informatiker, Universitéitsprofesser

Den Hans Georg Bock, gebuer den 9. Mee 1948 zu Bottrop an Däitschland ass en däitschen Universitéitsprofesser fir Mathematik an Informatik.

Hien ass zanter 2005 geschäftsféirenden Direkter vum Interdisziplinären Zentrum fir wëssenschaftlecht Rechnen vun der Ruprecht-Karls-Universitéit Heidelberg, wou hie scho vun 2003 bis 2004 stellvertriedenden Direkter war.

Den Hans Georg Bock ass Member vum Comité fir Entwécklungslänner vun der Europäescher Mathematiker Vereenegung (CDC-EMS) an hien ass do responsabel fir Asien. Fir seng Mérite fir déi vietnameesesch-däitsch Relatiounen a fir seng Bäiträg zur Realiséierung vum Héichleeschtungsrechnen am Vietnam krut hien am Joer 2000 den Éierendoktertitel vun der vietnameesescher Akademie vun de Wëssenschaften an der Technologie an am Joer 2003 Verdéngschtmedail vum vietnameesesche Ministère fir Educatioun.

Fuerschungsintressien[änneren | Quelltext änneren]

Méi wéi 250 wëssenschaftlech Aarbechten si mat der Hëllef vum Hans Georg Bock entstanen. Seng Haaptinteresse sinn ënner anerem:

Bäiträg bei der Ausbildung vun Nowuesswëssenschaftler[änneren | Quelltext änneren]

Bis elo goufen ënner der Betreiung vum Hans Georg Bock méi wéi 70 Diplomaarbechten a méi wéi 30 Doktoraarbechte geschriwwen. 12 vu senge Schüler hu bis elo eng Professur op enger däitscher oder enger auslännescher Héichschoul ugeholl.

Den Hans Georg Bock hutt sech zanter 1992 als Porte-parole vu verschiddene Graduiertenkollege vun der Däitscher Fuerschungsgemeinschaft an zanter November 2007 als Direkter vun der Heidelberger Graduiertenschule der mathematischen und computergestützten Methoden für die Wissenschaften (HGS MathComp), déi am Kader vun der Exzellenzinitiativ ageriicht gouf, duerch seng vill Innovatiounen (wei zum Beispill dem Mentorsystem) an duerch seng strukturéiert, international vernetzt an interdisziplinär Doktorandenausbildung en Numm gemaach.

Akadeemesche Wee[änneren | Quelltext änneren]

Den Hans Georg Bock hutt Mathé mat den Niewefächer Physik a Bio op der Uni Köln studéiert. Hien huet 1975 säi Studium mat der Diplomaarbecht "Numerische Optimierung zustandsbeschränkter parameterabhängiger Prozesse mit linear auftretender Steuerung unter Anwendung der Mehrzielmethode" ënner der Betreiung vum Professer Roland Bulirsch ofgeschloss.

Vun 1976 bis 1981 war hie wissenschaftlicher Mitarbeiter op der Universitéit Bonn an duerno huet hie bis 1982 beim DLR zu Oberpfaffenhofen geschafft.

No ville Joren als mathematesche Beroder an der Industrie an an der Fuerschung ass hie vun 1985 bis 1987 als Fuerscher op d'Uni Bonn zeréckgaangen.

Do huet hien 1986 mat der Aarbecht "Randwertproblemmethoden zur Parameteridentifizierung in Systemen nichtlinearer Differentialgleichungen", déi hie beim Jens Frehse a beim Roland Bulirsch gemaach huet, den Doktertitel vun der mathematesch-naturwissenschaftlicher Fakultät kritt.

Vun 1987 bis 1988 hat hien eng Gaaschtprofessur fir numeresch Mathé op der Ruprecht-Karls-Universität Heidelberg, ier hien 1988 ee Ruff fir eng Professur op der Universitéit Augsburg ugeholl huet. 1991 krut hien de Léierstull fir Softwareinformatik an Optiméierung op der Uni Heidelberg.

Vun 1993 bis 2004 war hie stellvertriedenden Direkter a säit 2005 ass hie kommerziellen Direkter vum Interdisziplinären Zentrum fir wëssenschaftlecht Rechnen vun der Ruprecht-Karls-Universitéit Heidelberg.

Präisser an Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Éierendoktertitel vun der russischer Akademie vun de Wëssenschaften (2012)
  • Zu Éiere vum 60. Geburtsdag vum Hans Georg Bock a vum Rolf Rannacher gouf vum 21. bis zum 25. Juli 2008 d'Konferenz MOSOCOP08 zu Heidelberg organiséiert.
  • Éieremedail vun der Daimler und Benz Stiftung (2008)
  • Microsoft Research Award (2004)
  • Verdéngschtmedail vum vietnameesesche Ministère fir Educatioun (2003)
  • Éierendoktertitel vun der vietnameesescher Akademie vun de Wëssenschaften a vun der Technologie (2000)
  • GEFFRUB Award (1996)
  • Heinrich Hörlein Memorial Award (1986)
  • Felix Hausdorff Memorial Award (1984)

Aarbechten[änneren | Quelltext änneren]

  • Randwertproblemmethoden zur Parameteridentifizierung in Systemen nichtlinearer Differentialgleichugen. Doktoraarbecht, Rheinische Friedrich-Wilhelms-Universitéit zu Bonn, 1985.
  • Numerische Optimierung zustandsbeschränkter parameterabhängiger Prozesse mit linear auftretender Steuerung unter Anwendung der Mehrzielmethode. Diplomaarbecht, Universitéit zu Köln, 1974.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]