Harald Bohr

Vu Wikipedia
Harald Bohr
den Harald Bohr (lénks) an den L. E. J. Brouwer
Gebuertsnumm Harald Augustus Bohr
Gebuer 22. Abrëll 1887
Kopenhagen
Gestuerwen 22. Januar 1951
Gentofte
Nationalitéit Dänemark
Educatioun Universitéit vu Kopenhagen
Aktivitéit Mathematiker, Foussballspiller, Pedagog, Universitéitsprofesser
Member vun Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Kinneklech dänesch Akademie vun de Wëssenschaften, Bayeresch Wëssenschaftsakademie
Famill
Papp Christian Bohr
Geschwëster Niels Henrik David Bohr

Den Harald August Bohr, gebuer den 22. Abrëll 1887 zu Kopenhagen, an do gestuerwen den 22. Januar 1951 war en dänesche Mathematiker a Foussballspiller.

Dem Harald Bohr seng Fuerschunge waren haaptsächlech an der Zuelentheorie an an der Analys (Mathematik). Zesumme mam Edmund Landau huet de Bohr d'Riemann ζ-Funktion studéiert, an 1914 de Bohr-Landau-Theorem opgestallt. Ee Joer drop gouf de Bohr Professer um Polytechnikum zu Kopenhagen. 1930 gouf en op d'Kopenhagener Universitéit beruff.

Den Harald Bohr war e begeeschterte Foussballspiller. Hien huet an der dänescher Nationalekipp gespillt, déi 1908 zu London op den Olympesche Spiller d'Sëlwermedail krut. Dänemark hat 0-2 géint Groussbitannien verluer.

Den Harald Bohr war de Brudder vum Physiker Niels Bohr.