Harald Reinl

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Dr. Harald Reinl, gebuer den 8. Juli 1908 zu Bad Ischl, Éisträich, a gestuerwen den 9. Oktober 1986 zu Puerto de la Cruz op Teneriffa) war en däitsche Filmregisseur an Dréibuchauteur. Hie gouf vu senger Fra, der fréierer tschechescher Schauspillerin Daniela Maria Delis, ëmbruecht.

De Reinl ass besonnesch bekannt ginn duerch seng Edgar Wallace Filmer a seng Karl May Filmer aus de 60er Joren an d'Jerry Cotten Filmer. Säin naive Stil an eng trivial Dramaturgie schleefe sech duerch all seng Filmer, déi dem Spectateur et sou erlaben, déi Béis vun de Gudden z'ënnerscheeden.

Den Héichpunkt vu senger Aarbecht waren d' Karl May-Filmer, déi an de jugoslawesche Bierger gedréit goufe fir de Produzent Horst Wendlandt.

1986 stierft den Harald Reinl am Haus vun engem Bekannten op Teneriffa, wéi hie vu senger Fra, enger Alkoholikerin am Sträit erstach gouf.

Seng Filmer[änneren | Quelltext änneren]